CyclocrossMathieu Van der Poel séchert sech an Holland de Championstitel

RTL Lëtzebuerg
Och an deenen anere Länner goufen déi national Meeschterschaften ausgedroen. Bei den Dammen an der Belsch sëtzt sech d'Sanne Cant duerch.
© afp

Hei drënner weise mer iech wien an deene verschiddene Länner sech den nationale Championstitel bei den Hären a bei den Damme konnt sécheren.

Hei am Land goufen e Samschdeg schonn déi nei Champione gesicht. Bei den Häre konnt sech de Préizerdauler Lex Reichling fir d’éischte Kéier d’Meeschterkroun opdoen a bei den Damme gouf et deen 11. Titel fir d’Christine Majerus noeneen.

LINK: Lex Reichling kréint sech mam Championstitel

Belsch:

Hären: Laurens Sweeck
Dammen: Sanne Cant

Däitschland:

Hären: Marcel Meisen
Dammen: Elisabeth Brandau

Holland:

Hären: Mathieu Van der Poel
Dammen: Ceylin Del Carmen Alvarado

Tschechien:

Hären: Emil Hekele
Dammen: Pavla Havlikova

Schwäiz:

Hären: Lars Förster
Dammen: Zina Barhoumi

Éisträich:

Hären: Daniel Federspiel
Dammen: Lisa Pasteiner

Back to Top
CIM LOGO