An hei gouf et bei der Hären Elite eng Victoire fir de Lex Reichling. Den Coureur vum Tooltime Préizerdaul konnt sech virum Alzenger Scott Thiltges behaapten. Als 3. ass iwwerdeems den Téitenger Vincent Dias dos Santos iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer.
De Lex Reichling hat an der Mëtt vun der Course déi decisiv Attack gesat. Hien ass sech du séier eng Avance vu gutt 20 Sekonnen erausgefuer an huet dës vun Tour zu Tour ëmmer weider ausgebaut, fir sech d’Victoire mat enger Avance vun iwwer 1 Minutt souverän ze sécheren. Et ass den 1. Championstitel fir hien an och deen 1. bei der Elite fir säi Veräin den Tooltime Préizerdaul.
No der Course huet de Scott Thiltges op eng ganz schwiereg Course zeréckgekuckt an déi staark Leeschtung vum Lex Reichling gewierdegt.
De Loïc Bettendorf war bei den Espoirë ganz kloer dee Stäerksten. Op d’Plazen 2 an 3 koumen de Raphaël Kockelmann souwéi de Cédric Pries. De Pries war eréischt am leschten Tour nach laanscht de Félix Schreiber gefuer.

Bei de Masters gouf et eng souverän Victoire fir den Tom Flammang. De Bartrenger huet sech vun Ufank un un d’Spëtzt gesat an huet do vun Tour zu Tour säi Virsprong op seng Konkurrente vergréissert. Um Enn ass hie mat engem Virsprong vun 1 Minutt an 39 Sekonnen virum Christian Weyland als Éischten iwwer d’Arrivée gefuer. Um Podium stoung nach de Serge Bertemes op 2 Minutten an 2 Sekonnen.

Bei den Debutante gouf et déi erwaarte kloer Victoire fir de Mathieu Kockelmann. Den Déifferdenger huet säin Titel vun zejoert domadder verdeedegt. Hien huet sech mat engem Virsprong vun 1 Minutt a 7 Sekonne virum David Lang behaapt. Drëtte gouf den Noa Berton op 1 Minutt a 50 Sekonnen.

No 5 Victoirë wärend der Saison huet de Mats Wenzel seng Saison mat der Victoire vum Championstitel bei de Juniore gekréint. Den Atertdauler huet nom 2. vu 4 Tier d’Féierung an der Course iwwerholl an huet du bis zum Schluss säi grousse Konkurrent den Arno Wallenborn op Distanz gehalen, fir sech um Enn mat engem Virsprong vun 49 Sekonnen duerchzesetzen. Den Noé Ury ass deen Drëtte ginn.

Hie konnt sech am zweetleschten Tour vum Alexandre Kess ofsetzen. Pech hat den Tom Paquet. Hien huet och zu de Favoritte gezielt, ma duerch Problemer mat de Schong ass hien direkt am 1. Tour zeréckgefall an hat keng Chance méi op de Podium.

Iwwerdeems gouf et bei den Damme mat der Victoire vum Christine Majerus keng Iwwerraschung. Fir d'11. Kéier noeneen huet si de Championstitel am Cyclocross gewonnen. Am déiwe Bulli zu Miersch ass d‘Coureuse vu Boels Dolmans eng konzentréiert a gläichméisseg Course gefuer. Mat groussem Virsprong huet si virum Elise Maes an dem Pia Wiltgen gewonnen.
Bei de Juniorinne war d‘Marie Schreiber déi Bescht, bei den Espoir-Dammen d‘Nina Berton.
Bei den Debutant Meedercher war et bis zum Schluss ganz spannend. Op de leschte Meter konnt sech d’Liv Wenzel virun hirer Clubkomerodin Anouk Schmitz den Titel sécheren. D’Layla Barthels huet de Podium completéiert.

Weider Fotoe fannt Dir op pressphoto.lu.
Hären Elite:
Espoiren:
Masters:
Debutanten:
Junioren:
Dammen Elite:
Debutant Meedercher:
Organiséiert goufen déi national Meeschterschafte vun der UC Dippech.