E Spëtzegrupp vun 8 Leit hat sech an der finaler Phas vun der Course ofgesat. Hei dobäi waren de Kelland O’Brien, de Stefan Küng, den Nils Politt, de Victor Campenaerts, den Tiesj Benoot, de Ben Turner, den Thomas Pidcock an de Mathieu van der Poel.
Op de leschten zwee Kilometer konnte sech den Tiesj Benoot an de Mathieu van der Poel eleng ofsetzen. Am sprint war de Van der Poel dee séiersten a konnt sech domat d’Victoire sécheren.
Mat dobäi waren och 3 Lëtzebuerger. Den Alex Kirsch huet no enger Chute fréi missen opginn, de Kevin Geniets gëtt de 67. an de Bob Jungels de 70., allebéid op 4 Minutten an 12 Sekonnen.
1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix
2 BENOOT Tiesj Jumbo-Visma
3 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers
4 CAMPENAERTS Victor Lotto Soudal
5 POLITT Nils BORA - hansgrohe
6 KÜNG Stefan Groupama - FDJ
7 O’BRIEN Kelland Team BikeExchange - Jayco
8 TURNER Ben INEOS Grenadiers
9 TRATNIK Jan Bahrain - Victorious
10 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates