Op der 2. Etapp ass et iwwer 183,5 km vun Perros-Guirec op d’Mûr-de-Bretagne Guerlédan gaangen. Et goufen am ganze 6 Koppe ze iwwerwannen, vun deenen der 4 an der 4. Kategorie an 2 an der 3. Kategorie klasséiert waren.
Nodeems am Ufank vun der Course sech e Grupp vu 6 Coureuren ofsetzen an deem ënner anerem och den Ide Schelling (Bora-Hansgrohe) mam Biergtrikot mat dobäi war, fir sech nach e puer Punkten an de klenge Koppen ze sécheren. Vun dëse 6 Coureuren si mam Edward Theuns (Trek-Segafredo) an dem Jeremy Cabot (Totalenergies) just nach 2 Coureuren iwwereg bliwwen an déi hate ronn 30 km virun der Arrivée nach e Virsprong vun 1 Minutt an 30 Sekonnen. 20 km virun der Arrivée goufen awer och Si agefaangen.
An der Mûr-de-Bretagne an 1 km virun der Arrivée gouf et eng staark Attack vum Mathieu van der Poel an dës ass duergaangen, fir sech d’Victoire op dëser Etapp ze sécheren. Opgrond vun Zäit-Bonifikatiounen iwwerhëlt de Mathieu van der Poel och d’Féierung am General vum Julian Alaphilippe.
1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix 4:18:30
2 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates + 0:06
3 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma
4 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe
5 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step + 0:08
6 MOLLEMA Bauke Trek - Segafredo
7 VINGEGAARD Jonas Team Jumbo-Visma
8 HIGUITA Sergio EF Education - Nippo
9 LATOUR Pierre Team TotalEnergies
10 HAIG Jack Bahrain - Victorious
1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix 25 8:57:25
2 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step 0:08
3 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates 0:13
4 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 0:14
5 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe 0:24
6 HAIG Jack Bahrain - Victorious 0:26
7 MOLLEMA Bauke Trek - Segafredo ,,
8 HIGUITA Sergio EF Education - Nippo ,,
9 VINGEGAARD Jonas Team Jumbo-Visma ,,
10 GAUDU David Groupama - FDJ ,,