De Matteo Trentin huet e Mëttwoch déi 17. Etapp am Tour de France gewonnen. Den Europameeschter war an der Echappée vum Dag an huet sech um Enn no 200 Kilometer zu Gap en solitaire duerchgesat. Op déi zweete Plaz ass de Kasper Asgreen gefuer. Den Dän hat e Retard vu 37 Sekonnen. Drëtte gëtt de Greg van Avermaet op 41 Sekonnen.
De Peloton mam Maillot Jaune, Julian Alaphilippe, an de weidere Favoritten ass mat engem Retard vun 20 Minutten iwwert d’Arrivée gefuer.
Un der Spëtzt vum General gëtt et keng Verännerung. Den Alaphilippe huet weiderhin e Virsprong vun 1 Minutt a 35 Sekonnen op den Geraint Thomas.
Op der 17. Etapp vum Tour de France ass et e Mëttwoch iwwer 200 Kilometer vu Pont du Gard op Gap gaangen. Op d’Coureuren huet e Bierg vun der 4. Kategorie an der Hallschent vun der Course an ee vun der 3. Kategorie ronn 15 Kilometer virun der Arrivée gewaart.
Direkt nom Depart huet den Thomas de Gendt als Éischten attackéiert. Weider Coureure sinn am Belsch säi Rad gesprongen an hu sech zesumme mat him ofgesat. An der Echappée vum Dag waren um Enn 33 Coureuren: Ënnert anerem den Thomas de Gendt, de Greg van Avermaet, de Matteo Trentin, de Bauke Mollema, den Edvald Boasson Hagen, de Jesus Herrada (Gewënner vum Tour de Luxembourg 2019), den Andrea Pasqualon (Gewënner vum TDL 2018), de Jasper Stuyven an de Rui Costa.
Bei den héijen Temperaturen a virun den nächsten 3 ganz schwéieren Etappen an den Alpen hat de Peloton e Mëttwoch kee Interessi drun, fir de Spëtzegrupp nees anzefänken an esou ass den Ecart ronn 50 Kilometer virun der Arrivée op iwwer 14 Minutte geklommen.
Ronn 30 Kilometer virun der Arrivée hunn d’Attacken am Spëtzegrupp ugefaangen, sou datt dësen ëmmer méi kleng ginn ass. An der leschter Schwieregkeet vum Dag, engem Bierg vun der 3. Kategorie, huet de Matteo Trentin sech eleng dovunner gemaach. Den Italiener konnt sech um Enn d’Victoire en solitaire sécheren. Op déi zweete Plaz ass de Kasper Asgreen gefuer. Den Dän hat e Retard vu 36 Sekonnen.
De Peloton mam Maillot Jaune, Julian Alaphilippe, an de weidere Favoritten ass mat engem Retard vun 20 Minutten iwwert d’Arrivée gefuer.
Un der Spëtzt vum General gëtt et keng Verännerung. Den Alaphilippe huet weiderhin e Virsprong vun 1 Minutt a 35 Sekonnen op den Geraint Thomas.

