Criterium européen des jeunesMax Gilles wënnt déi 1. Etapp

RTL Lëtzebuerg
Am Cyclissem konnt de Lëtzebuerger Max Gilles déi 1. Etapp am Criterium européen des jeunes gewannen. Déi goung vun Alzeng op Alzeng.
© pressphoto.rtl.lu (Archiv)

Hien ass domat den 1. Lëtzebuerger nom Bob Jungels, deen eng Etapp an dëser Course fir sech entscheede konnt.

Hie behaapt sech virum Juul Nagengast aus Holland an dem Johannes Tiirats aus Estland, dëst mat 59 Sekonne Virsprong.

Déi 2. Etapp gëtt um Samschdeg gefuer a geet vun Ueweraanwen op Hueschtert.

Back to Top
CIM LOGO