Op der 1. Etapp vun der “Course a Richtung Sonn” goung et e Sonndeg iwwer 154km mat Depart an Arrivée zu Plaisir. Nieft 3 Koppen an 2 Sprinten, déi et hannert sech ze brénge gegollt huet, goung et och ronn en hallwe Kilometer iwwer Pawee.
Um Enn konnt sech de Maximilian Schachmann virun de Belsch Dylan Teuns op der 2. an Tiesj Benoot op der 3. Plaz duerchsetzen. Den däitsche Champion geet et Méindeg dann och als Maillot Jaune op déi 2. Etapp.
Bei der 78. Editioun vu Paris-Nice si jo 3 Lëtzebuerger mat um Depart: den Alex Kirsch, Jempy Drucker a Bob Jungels. De Lëtzebuerger Champion gouf als 38. op iwwer 2 Minutte dann och beschte Lëtzebuerger, de Jempy Drucker ass op bal 4 Minutten als 73. ukomm. Den Alex Kirsch ass mat engem Retard vun iwwer 14 Minutten als 130. mat engem gréissere Grupp zu Plaisir iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer.
Fir den Optakt vun der 78. Editioun vu Paris-Nice goung et ronderëm Plaisir. De Parcours war direkt fir den Optakt vallonéiert mat enger gëfteger Montée an der Finall. Deemno huet ee kënne gespaant sinn, ob d’Klassikerspezialiste wéi Julian Alaphilippe, Michael Matthews oder nach de Philippe Gilbert en Numero kéinte starten.
Ronn 65 Kilometer viru Schluss war den Duo Jonathan Hivert a Romain Combaud eleng un der Spëtzt, dësen hat awer keng Chance duerchzekommen. Am weidere Verlaf konnte sech 16 Mann un der Spëtzt festsetzen, dorënner eben en Alaphilippe, Matthews a Quintana - d’Lëtzebuerger sinn hannendrun am Haaptfeld matgefuer.
Et goung bei 10 Grad, Wand a Reen fir d’Coureuren op schwéier lescht 30 Kilometer an et war den Alaphilippe a Benoot, déi sech zu zwee un d’Spëtzt setze konnten. Als eenzege Lëtzebuerger op ronn 30 Sekonne war de Bob Jungels mat am Peloton dobäi.
De Fransous an de Belsch sinn dann och mat enger Avance vu 40 Sekonnen an d’Finall gaangen, sollten awer no der leschter Kopp vun 2 weidere Coureure Gesellschaft kréien: den Dylan Teuns a Maximilan Schachmann si bäikomm. Esou goung et zu 4 eleng vir a Richtung Plaisir.
An hei war et den däitsche Champion Maximilian Schachmann, deen déi meeschte Kären am Tank hat a sech virun der Konkurrenz duerchsetze konnt. D’Plazen 2 an 3 goufe vun zwee Belsch completéiert: den Dylan Teuns gouf 2. an den Tiesj Benoot 3.
1 SCHACHMANN Maximilian BORA - hansgrohe 3:32:19
2 TEUNS Dylan Bahrain - McLaren ,,
3 BENOOT Tiesj Team Sunweb ,,
4 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step 13 0:03
5 BOL Cees Team Sunweb 10 0:15
6 POLITT Nils Israel Start-Up Nation 7 ,,
7 NIZZOLO Giacomo NTT Pro Cycling 4 ,,
8 HIGUITA Sergio EF Pro Cycling 3 ,,
9 GROSSSCHARTNE Felix BORA - hansgrohe 2 ,,
10 LAMPAERT Yves Deceuninck - Quick Step 1 ,,
...
38 JUNGELS Bob Deceuninck - Quick Step 2:00
...
73 DRUCKER Jempy BORA - hansgrohe 3:41
...
130 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 14:47
1 SCHACHMANN Maximilian BORA - hansgrohe 3:32:09
2 BENOOT Tiesj Team Sunweb 0:02
3 TEUNS Dylan Bahrain - McLaren 0:04
4 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step 0:07
5 BILBAO Pello Bahrain - McLaren 0:24
6 MOLARD Rudy Groupama - FDJ ,,
7 BOL Cees Team Sunweb 0:25
8 POLITT Nils Israel Start-Up Nation ,,
9 NIZZOLO Giacomo NTT Pro Cycling ,,
10 HIGUITA Sergio EF Pro Cycling ,,
...
38 JUNGELS Bob Deceuninck - Quick Step 2:10
...
73 DRUCKER Jempy BORA - hansgrohe ,,
...
130 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 14:57