Ma och hei ginn et e puer Changementer. Bis elo zwar nach net bei den Etappen, mä bei den Ekippen. An dat bréngt mat sech, datt den Tour-de-France- a Paris-Nice-Gewënner vum leschte Joer den Egan Bernal net um Depart ass. D’Ekipp Ineos verzicht wéinst dem Doud vun hirem Directeur Sportif Nicolas Portal an dem Coronavirus am Moment op all Courssen. Am ganze sinn et souguer 6 World-Tour-Ekippen, déi decidéiert hunn, fir op d’mannst eng Zäit laang net méi ze fueren. Dozou gehéieren och Jumbo-Visma, Movistar, Emirates, CCC, Mitchelton-Scott an Astana.
D’Organisateuren hunn dofir 2 nei Wildkaarte verginn an den Ekippen et erlaabt, am Plaz 7 elo 8 Coureuren ze selektionéieren. Dat bréngt mat sech, datt Lëtzebuerg elo 3 Athleten um Depart huet. Nieft dem Jempy Drucker sinn dat den Alex Kirsch an dee vun Deceuninck Quick-Step nonominéierte Bob Jungels.
Wat de Parcours ugeet, sou geet et e Samschdeg zu Plaisir lass, éier d’Course lues a lues Richtung Süden an an d’Bierger geet.
Op 7 oder 8 Coureuren an der Ekipp mécht bei der Roll, déi de Jempy Drucker a senger Ekipp wäert hunn, keen Ënnerscheed. Den Alex Kirsch huet mat Nibali a Porte zwee Leaderen a senger Ekipp. Iwwerdeems de Bob Jungels tëscht de Klassiker-Spezialisten an dem Julian Alaphilippe bei Deceuninck Quick-Step eventuell déi eng oder aner Etapp kéint animéieren.
Wien e Sonndeg deen éischte Maillot Jaune gëtt, gesitt Dir live vu 14 Auer u bei eis op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.
Déi ganz Woch iwwert kënnt Dir Paris-Nice bei eis op der Télé an am Livestream op RTL.lu suivéieren.