Wéi op de meeschte Courssen hat sech och op dësem Dag eng Echappée zesummefonnt, déi probéiere wollt, d’Etapp ënnert sech auszemaachen. D’Echappée, wou ëmmer nees Coureuren ewechgefall a bäikomm sinn, ass 31. Kilometer viru Schluss agefaange ginn.
De Peloton ass dann och op de leschte Kilometer beienee bliwwen, esou datt d’Course zum Schluss am Sprint decidéiert gouf. Hei hat de Belsch Tim Merlier déi beschte Been a konnt sech ganz knapp virum Dylan Groenewegen aus Holland duerchsetzen. De Fransous Nacer Bouhanni koum op déi drëtte Plaz.
1 MERLIER Tim Alpecin-Fenix 4:45:41
2 GROENEWEGEN Dylan Team BikeExchange - Jayco ,,
3 BOUHANNI Nacer Team Arkéa Samsic,,
4 WALSCHEID Max Cofidis,,
5 KOOIJ Olav Jumbo-Visma,,
6 DÉMARE Arnaud Groupama - FDJ,,
7 CONSONNI Simone Cofidis,,
8 DE LIE Arnaud Lotto Soudal,,
9 STUYVEN Jasper Trek - Segafredo,,
10 HAUSSLER Heinrich Bahrain - Victorious,,
...
83 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 0:42
...
116 WIRTGEN Tom Bingoal Pauwels Sauces WB 1:10