Cyclocross-EM zu NamurMichael Vanthourenhout gëtt Europameeschter

RTL Lëtzebuerg
De Belsch setzt sech mat enger klorer Avance virum Lars van der Haar a sengem Landsmann Laurens Sweeck duerch.

Op engem schwéiere Parcours, dee wéinst dem Reen immens rutscheg war, gouf et grouss Ecarten. Um Enn gewënnt de Belsch Michael Vanthourenhout d’Europameeschterschaften am Cyclocross zu Namur. Op der Arrivée hat hien eng Avance vu 40 Sekonnen op den Hollänner Lars van der Laar an 2'17'’ op de Laurens Sweeck.

Op Lëtzebuerger Säit war kee Coureur um Depart. Bei den U23-Dammen huet d’Marie Schreiber eng staark Performance gewisen an huet de Podium ëm 19 Sekonne verpasst.

Back to Top
CIM LOGO