
E Sonndeg de Mëtteg war bei den Hären déi 56. Editioun vun der Amstel Gold Race, déi an der hollännescher Provënz Limburg iwwer 254 Kilometer vu Maastricht op Valkenburg gaangen ass.
Scho fréi hat sech eng Echappée aus sechs Coureuren ofgesat, déi awer ronn 45 Kilometer virun der Arrivée nees ageholl konnt ginn. Dunn huet sech aus dem Peloton ee Grupp vu ronn 35 Coureuren un der Spëtzt gebilt, an deem och de Kevin Geniets dra war. Ma och dee Grupp ass gutt 30 Kilometer viru Schluss auserneegebrach an et ware virun allem d’Favoritten, déi sech ofsetze konnten.
Aus deem Grupp war et de Michal Kwiatkowski, dee konnt dovun zéien a just nach vum Benoît Cosnefroy ageholl konnt ginn. 10 Kilometer virun der Arrivée haten déi zwee Coureuren ee Virsprong vu 27 Sekonnen, dee kee vun den néng Coureuren aus dem Spëtzegrupp méi konnt ophuelen. Am Sprint ass et nach eemol ganz knapp ginn, ma de Michal Kwiatkowski wënnt duerch de Photo Finish virum Benoît Cosnefroy. Drëtten ass den Tiesj Benoot ginn wärend de Favorit Mathieu van der Poel sech mat der 4. Plaz muss zefridde ginn.
Bei den Damme konnt d’Marta Cavalli d’Favorittinnen hannert sech loossen an déi 8. Editioun fir sech entscheeden. Déi 24 Joer al Italienerin ass no enger Attack mat enger Avance vu 4 Sekonnen iwwer d’Arrivée gefuer an huet domat ënner anerem d’Demi Vollering an d’Annemiek van Vleuten hannert sech gelooss.
1 KWIATKOWSKI Michal AG2R Citroën Team 6:01:19
2 COSNEFROY Benoît INEOS Grenadiers ,,
3 BENOOT Tiesj Jumbo-Visma 0:10
4 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix 0:20
5 KAMP Alexander Trek - Segafredo ,,
6 ASGREEN Kasper Quick-Step Alpha Vinyl Team ,,
7 MATTHEWS Michael Team BikeExchange - Jayco ,,
8 KÜNG Stefan Groupama - FDJ ,,
9 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates ,,
10 TEUNS Dylan Bahrain - Victorious ,,
...
42 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 6:29
1 CAVALLI Marta FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope 3:17:41
2 VOLLERING Demi Team SD Worx 0:04
3 LIPPERT Liane Team DSM ,,
4 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team ,,
5 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
6 GARCÍA Mavi UAE Team ADQ ,,
7 MOOLMAN Ashleigh Team SD Worx 0:07
8 BALSAMO Elisa Trek - Segafredo 0:09
9 LABECKI Coryn Team Jumbo-Visma ,,
10 BERTIZZOLO Sofia UAE Team ADQ ,,