
Um Enn huet sech de Fransous Anthony Delaplace d’Victoire bei der 83. Editioun vu Paris-Camembert geséchert. Hie huet sech mat enger Avance vu 4 respektiv 14 Sekonne viru senge Landsmänner Valentin Ferron an Thibault Ferasse behaapt.
De Michel Ries hat als 51. e Réckstand vun dräi Minutten a 24 Sekonnen. Den Tom Paquet ass d’Course net op en Enn gefuer.