Vun nächster Saison unMichel Ries huet e Kontrakt vun 2 Joer bei Trek-Segafredo ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Cyclissem koum d'Nouvelle, dass den 21 Joer jonke Lëtzebuerger Michel Ries vun der nächster Saison u bei Trek Segafredo wäert fueren.
Michel Ries huet bei Trek-Segafredo ënnerschriwwen
Aus dem Cyclissem koum d’Nouvelle, dass den 21 Joer jonke Lëtzebuerger Michel Ries vun der nächster Saison u bei Trek Segafredo wäert fueren.

De Lëtzebuerger Coureur huet ee Kontrakt vun 2 Joer ënnerschriwwen. Rezent ass hie jo beim Tour de l’Avenir op déi gutt 7. Plaz am General komm an hien huet direkt 2 Etappen op der 2. Plaz ofgeschloss. Virun allem an de Bierger huet de Michel Ries ëmmer nees seng Stäerkt ënner Beweis gestallt.

Fir de Michel Ries ass en Dram an Erfëllung gaangen

Den Ament fiert hien nach fir Kometa Cycling Team. Schonn 2018 war de Michel Ries als Stagiaire bei Trek-Segafredo täteg. De Sportdirekter Luca Guercilena war awer der Meenung, dass et besser wier, fir an enger anerer Ekipp nach Erfarungen ze sammelen.

Weider hu si och nach dem Michel Ries säin Teamkomerod Juan Pedro López an d’Ekipp opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO