
Mam Kevin Geniets an dem Michel Ries sinn och zwee Lëtzebuerger mat dobäi. De Michel Ries ass dat lescht Joer schonns de Critérium du Dauphiné gefuer. Um Enn gouf hien den 72. Mëttlerweil ass ronn d’Hallschent vun der Saison eriwwer. De Profi vun Trek ass net ganz zefridden, wéi déi leschte Méint gelaf sinn.
Ech hat mir sécherlech méi erwaart. Kierperlech war et net ëmmer 100 Prozent. Et ware Klengegkeeten, déi net esou geklappt hunn. Ech hu mech awer elo gutt op déi hei Course preparéiert. An och déi lescht Courssen ass et zimmlech gutt gelaf. Ech denken, datt d’Form an der Rei ass. Ech hunn elo nees ee schéine Block mat de franséische Courssen, déi kommen. Elo mam Dauphiné an och duerno. Ech hoffen, datt ech eppes weise kann.
8 Etappe ginn dëst Joer am Dauphiné gefuer. An déi hunn et wéi an deene Jore virdrun och nees a sech.
Et ass ni eng einfach Course. Wann een de Profil kuckt ass ni eng ganz einfach Etapp dobäi. Virum Tour si Leit do, déi mat der ganzer Ekipp d´Form testen. Et gëtt sécherlech eng schwéier Woch, betount de Michel Ries.
Bei Trek ass vun deene 7 Coureure keen dobäi, deen eng Roll am General ka spillen. Dofir wëll een d’Kaart vun de Sprinter spillen.
Mam Mads Pedersen a Jasper Stuyven hu mir zwou Kaarten, déi mir definitiv kënnen ausspillen. Mä och an deene méi schwéieren Etappen denke ech, dat mir Fräiheete wäerten hunn. Mir hunn eng gutt Ekipp a mir kënne ganz optimistesch an déi Woch eragoen.
De Michel Ries hofft och perséinlech déi eng oder aner Kéier an d’Echappée kënnen ze goen.