
Um Wee Richtung Arrivée haten d’Coureuren e Freideg 5 Bierger viru sech, zwee vun der 3. an der 2. Kategorie an 1 vun der 1. Kategorie, wat dann och d’Schlussmontée war. A virun allem dës Schlussmontée hat et a sech: 4,1 Kilometer mat duerchschnëttlech 12,3% Steigung, deels esouguer bis zu 25%.
Den Alejandro Valverde, den Nairo Quintana, de Miguel Angel Lopez an de Primoz Roglic hunn e Freideg d’Muskele spille gelooss an hu gewisen, dass si bei dëser 74. Editioun vun der Vuelta déi Stäerkst sinn. Zu 4 si si zesummen ukomm an et war de Valverde, deen d’Etapp virum Roglic gewanne konnt. Wat de General ugeet, ass de Miguel Angel Lopez elo nees zeréck a Rout, dat mat 6 Sekonnen Avance op de Roglic, 16 op de Valverde a 27 op de Quintana.
De Jempy Drucker fiert als 97. an den Alex Kirsch als 141. op 22, respektiv 26 Minutten nom Gewënner iwwert de wäisse Stréch.
Am Generalklassement ass de Kirsch den 131. op eng Stonn a 7 Minutten an den Drucker den 134. op eng Stonn an 10 Minutten.
Kuerz nom Depart hat sech ee Spëtzegrupp mat 10 Leit forméiert, wou den Gianluca Brambilla (TFS), Jelle Wallays, Tomas Marczynski (allebéid LTS), Sergio Henao (UAD), Philippe Gilbert (DQT). Sebastian Henao (INS), Quentin Jauregui (ALM), Cyril Barthe (EUS), Stephane Rossetto (COF) a Michael Storer (SUN) dobäi waren.
Am Peloton huet d’Ekipp Movistar fir den Tempo gesuergt an esou ass d’Avance vum Spëtzegrupp zu kengem Zäitpunkt immens grouss ginn.
Am zweetleschte Bierg vum Dag koum et am Spëtzegrupp dunn ëmmer nees zu Attacken, esou dass vun den 10 Leit vir, der nëmmen nach 4 iwwereg bliwwe sinn. Et waren dat de Philippe Gilbert, den Gianluca Brambilla, sou wéi de Sebastian a Sergio Henao.
Am Peloton huet iwwerdeems de Leader Dylan Teuns misse lassloossen, de Belsch konnt den Tempo vun de Favoritten net méi matgoen. D’nämmlecht ass et dem David de la Cruz ergaangen, esou dass schonns virum leschte Bierg kloer war, dass nees ee vun de grousse Favoritten de roude Maillot iwwerhuele géing.
12 Kilometer virun der Arrivée ass d’Avance vum Spëtzegrupp dunn och op ënner eng Minutt gefall. Deen Ament waren och nëmmen nach zwee Coureuren un der Spëtzt. De Gilbert an de Sergio Henao hate sech nämlech an der Descente ofgesat.
Mat nëmme 24 Sekonne Virsprong si si dunn an d’Schlussmontée gaangen, 500 Meter méi spéit goufe si ageholl vum Peloton.
Dono huet den Nairo Quintana den Tempo am Peloton ugezunn an do konnten nëmmen nach de Primoz Roglic, de Miguel Angel Lopez an den Alejandro Valverde matgoen.
Bis zum Schluss konnt sech awer kee vun deene 4 decisiv ofsetzen, esou dass si ëm d’Etappe-Victoire gesprint sinn an do war et den Alejandro Valverde, deen déi séierst Been hat.
1 Valverde Alejandro Movistar Team
2 Roglič Primož Team Jumbo-Visma ,,
3 López Miguel Ángel Astana Pro Team 0:06
4 Quintana Nairo Movistar Team ,,
5 Majka Rafał BORA - hansgrohe 0:42
6 Izagirre Ion Astana Pro Team 0:48
7 Pogačar Tadej UAE-Team Emirates 0:51
8 Aru Fabio UAE-Team Emirates ,,
9 Bennett George Team Jumbo-Visma 1:07
10 Rodríguez Óscar Euskadi Basque Country - Murias 1:20
1 López Miguel Ángel Astana Pro Team
2 Roglič Primož Team Jumbo-Visma 0:06
3 Valverde Alejandro Movistar Team 0:16
4 Quintana Nairo Movistar Team 0:27
5 Majka Rafał BORA - hansgrohe 1:58