Tour de France: 1. EtappMike Teunissen wënnt iwwerraschend am Massesprint zu Bréissel

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass et op der 1. Etapp iwwer 194,5 Kilometer vu Bréissel op Bréissel gaangen. De Favorit Jakob Fuglsang war an eng Chute verwéckelt.
Mike Teunissen wënnt 1. Etapp vum Tour am Sprint
E Samschdeg ass et op der 1. Etapp iwwer 194,5 Kilometer vu Bréissel op Bréissel gaangen. De Favorit Jakob Fuglsang war an eng Chute verwéckelt.

Am Massesprint virum Palais zu Bréissel ka sech de Mike Teunissen vun der Ekipp Jumbo-Visma op der 1. Etapp vum Tour de France duerchsetzen a sech sou de Maillot Jaune sécheren. Op déi zweete Plaz kënnt de Peter Sagan virum Caleb Ewan, deen et op déi 3. Plaz gepackt huet.

De Jakob Fuglsang hat ronn 20 Kilometer viru Schluss eng Chute an huet misse mat enger Platzwonn an d’Zil fueren, mä hien huet awer keng Zäit verluer.

Resumé

Kuerz nom Start hu sech véier Coureuren ofgesat fir sech déi éischt Biergpunkten ze sécheren. Am Grupp huet sech och de Greg Van Avermaet erëmfonnt, dee sech déi Punkten net huele loosse wollt a sou och als éischte Coureur iwwert d’Spëtzt vun der Mur de Grammont gefuer ass, dat virum Xandro Meurisse. Domat huet sech de belsche Coureur vu CCC de Biergmaillot geséchert a säin Zil fir déi 1. Etapp erreecht. De Greg Van Avermaet huet sech doropshin zeréckfale gelooss, sou dass de Xandro Meurisse, de Mads Würtz Schmidt an de Natnael Berhane un der Spëtzt iwwreg bliwwe sinn.

Kuerz virun der Sprintwäertung zu Les Bons Villers sinn déi dräi Coureure vir vum Peloton agefaange ginn. De Peter Sagan huet sech do duerchgesat a sech déi 20 Punkte geséchert.

Nom Sprint huet de Stéphane Rossetto et probéiert a sech eleng aus dem Peloton ofgesat. De Coureur vu Cofidis huet sech an Zwëschenzäit e Virsprong vu knapps zwou Minutten erausgefuer.

Eng Schrecksekonn ass et da fir de Jakob Fuglsang ronn 20 Kilometer virum Zil ginn. No enger Chute ass de Coureur vun Astana mat enger Platzwonn am Gesiicht weidergefuer.

Fir de Stéphane Rossetto ass de Virsprong ëmmer méi kleng ginn. Géint e séiere Peloton ass et zum Schluss net mat der Kraaft duergaangen, sou dass den Italiener ronn 10 Kilometer virum Zil nees agefaange ginn ass. Kuerz virum Zil ass et dann zu enger weiderer gréisserer Chute vir am Peloton komm. Ënnert anerem ass den Dylan Groenwegen hei gefall. Et ass also zu engem reduzéierte Massesprint komm, an deem sech zum Schluss de Mike Teunissen knapps virum Peter Sagan duerchsetze kann.

© Screenshot

Resultater

Back to Top
CIM LOGO