
Um Wee Richtung Arrivée stoungen dräi Bierger um Programm, zwee vun der 3. Kategorie an ee vun der 2. Kategorie. Hei huet ee Spëtzegrupp vu 14 Leit dominéiert, wou dann och um Enn de Mikel Iturria aus dësem Grupp sech behaapte konnt. Am Peloton huet een et e Mëttwoch méi lues ugoe gelooss an esou goufen et och am General keng Changementer op den éischte Plazen.
De Jempy Drucker an den Alex Kirsch kommen e Mëttwoch mam Peloton als 51. an 98. op iwwer 18 Minutten iwwer d’Arrivée.
Am General bleift de Primoz Roglic virop, dat 1 Minutt an 52 Sekonne virum Alejandro Valverde.
Direkt nom Start konnte sech 5 Coureure vum Peloton ofsetzen, no an no konnte weider Coureuren opschléissen, bis sech ee Spëtzegrupp vu 14 Leit forméiert hat. No 28 Kilometer war de Grupp komplett: Jorge Arcas (Movistar Team), François Bidard (AG2R La Mondiale), Gorka Izagirre (Astana Pro Team), Rémi Cavagna (Deceuninck-Quick Step), Lawson Craddock (EF Education First), Benjamin Thomas (Groupama-FDJ), Damien Howson (Mitchelton-Scott), Amanuel Ghebreigzabhier, Ben O’Connor (Dimension Data), Matteo Fabbro (Katusha Alpecin), Ángel Madrazo (Burgos-BH), Alex Aranburu, Jonathan Lastra (Caja Rural-Seguros RGA) a Mikel Iturria (Euskadi-Murias).
Iwwerdeems de Peloton keng grouss Ambitiounen hat, de Spëtzegrupp nees anzehuelen, gouf vir an der Echappée ee ganz héijen Tempo gefuer. Nodeems de Mann am Biergtrikot, de Madrazo déi éischt Biergwäertung gewanne konnt, huet hie seng Begleeder misse fuere loossen, well den Tempo ze héich war. Zwee Stéck haten dunn och aus der Echappé eraus attackéiert an zwar den Alex Aranburu an de Gorka Izagirre. 50 Kilometer virun der Arrivée hate si 12 Minutten Avance op de Peloton. Kuerz drop konnt de Craddock nach opschléissen.
An der leschter Montée vum Dag koumen dunn ëmmer méi Attacken, well jiddereen zum Trio wollt opschléissen. No der Descente war dunn op eemol de Mikel Iturria eleng un der Spëtzt, hannert him nees e gréissere Grupp. De Spuenier sollt dunn och bis op d’Arrivée net méi ageholl ginn an esou wënnt hien um Enn mat 6 Sekonnen Avance op de Jonathan Lastra an de Lawson Craddock.
1 MIKEL ITURRIA SEGUROLA (EUSKADI BASQUE COUNTRY - MURIAS) 04H 36' 44'’
2 JONATHAN LASTRA MARTINEZ (CAJA RURAL - SEGUROS RGA) + 00H 00' 06'’
3 G LAWSON CRADDOCK (EF EDUCATION FIRST) + 00H 00' 06'’
4 DAMIEN HOWSON (MITCHELTON - SCOTT) + 00H 00' 06'’
5 FRANÇOIS BIDARD (AG2R LA MONDIALE) + 00H 00' 06'’
6 AMANUEL GHEBREIGZABHIER (TEAM DIMENSION DATA) + 00H 00' 09'’
7 BENJAMIN THOMAS (GROUPAMA - FDJ) + 00H 00' 12'’
8 MATTEO FABBRO (TEAM KATUSHA ALPECIN) + 00H 00' 12'’
9 GORKA IZAGIRRE INSAUSTI (ASTANA PRO TEAM) + 00H 00' 12'’
10 RÉMI CAVAGNA (DECEUNINCK - QUICK - STEP) + 00H 00' 12'’
1 Primož Roglic (Slo) Team Jumbo - Visma 36:05:29
2 Alejandro Valverde (Esp) Movistar Team 0:01:52
3 Miguel Angel Lopez Moreno (Col) Astana Pro Team 0:02:11
4 Nairo Alexander Quintana Rojas (Col) Movistar Team 0:03:00
5 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 0:03:05
6 Carl Fredrik Hagen (Nor) Lotto Soudal 0:04:59
7 Rafal Majka (Pol) Bora - Hansgrohe 0:05:42
8 Nicolas Edet (Fra) Cofidis Solutions Crédits 0:05:49
9 Dylan Teuns (Bel) Bahrain Merida 0:06:07
10 Wilco Kelderman (Ned) Team Sunweb 0:06:25