Tour de France - 6. EtappNächst Victoire am Sprint vum Mark Cavendish

RTL Lëtzebuerg
Op der 6. Etapp vum Tour de France goung et en Donneschdeg iwwer 160,4 Kilometer vun Tours op Châteauroux.

Bis zu 2,5 Kilometer virun der Arrivée louchen nach de Roger Kluge an de Greg van Avermaet un der Spëtzt. Déi zwee haten en Donneschdeg laang Zäit de Spëtzenduo gebilt, ma haten um Enn net méi genuch Kraaft an de Been. Et sollt also nees zu engem Massesprint kommen an hei konnt sech op en Neits de Mark Cavendish duerchsetzen, dat virum Jasper Philipsen an dem Nacer Bouhanni. Domat huet de Mark Cavendish elo just nach 2 Etappevictoirë manner ewéi de Rekordetappegewënner Eddy Merckx.

Am General bleift weiderhin de Mathieu van der Poel de Leader. Den Hollänner huet nach ëmmer eng Avance vun 8 Sekonnen op den Tadej Pogacar.

Tour de France 2021 - 6. Etapp
Weider Victoire am Sprint vum Mark Cavendish. De Giele Maillot bleift weider op de Schëllere vum Mathieu van der Poel.

D’Top 10 vun der Etapp

1 CAVENDISH Mark Deceuninck - Quick Step
2 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Fenix ,,
3 BOUHANNI Nacer Team Arkéa Samsic ,,
4 DÉMARE Arnaud Groupama - FDJ ,,
5 SAGAN Peter BORA - hansgrohe ,,
6 BOL Cees Team DSM ,,
7 MERLIER Tim Alpecin-Fenix ,,
8 VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma ,,
9 MATTHEWS Michael Team BikeExchange ,,
10 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo ,,

D’Top 10 vum General

1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix 25 16:51:41
2 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates 0:08
3 VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma 0:30
4 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step 0:48
5 LUTSENKO Alexey Astana - Premier Tech 1:21
6 LATOUR Pierre Team TotalEnergies 1:28
7 URÁN Rigoberto EF Education - Nippo 1:29
8 VINGEGAARD Jonas Team Jumbo-Visma 1:43
9 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 1:44
10 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 1:48

Quiz

Back to Top
CIM LOGO