CyclocrossNächst Victoire fir Lucinda Brand, 21. Plaz fir Christine Majerus

RTL Lëtzebuerg
Beim Telenet Superprestige Heusden-Zolder gouf et e Méindeg de Mëtteg op en Neits eng Victoire vun der Hollännerin Lucinda Brand.
© AFP (Archiv)

D’Lucinda Brand hat och schonns e Sonndeg zu Dendermonde gewonnen a war och e Méindeg net ze klappen. Nieft der Hollännerin um Podium stinn hir zwou Landsfrae Fem van Empel (2 Sekonne Retard) an Annemarie Worst (21 Sekonne Retard). Allgemeng hunn d’Hollännerinnen nees dominéiert, ganzer 8 Hollännerinne stoungen nämlech an den Top 10.

D’Christine Majerus koum op déi 21. Plaz mat engem Retard vu 4 Minutten an 9 Sekonnen. D’Layla Barthels koum op déi 83. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO