
Déi traditionell wäiss a brong Faarwe vun Ag2r La Mondiale bleiwen, dobäi kënnt awer nach déi rout Faarf vum neie Sponsor Citroën.
Nieft dem Bob Jungels fiert mam Ben Gastauer nach een zweete Lëtzebuerger bei Ag2r La Mondiale (vun 2021 un heescht d’Ekipp Ag2r Citroën). Hie geet a seng 13. Saison bei der franséischer Ekipp.
De Bob Jungels ass den Ament op Mallorca am Trainingslager.