Vuelta ciclista a España: 8. EtappNicolas Edet iwwerhëlt de Leadertrikot - Etapp fir den Nikias Arndt

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg goung et op der 8. Etapp vun der Vuelta iwwer 166,9 Kilometer vu Valls op Igualada.
© AFP

Um Wee Richtung Arrivée stoung eng Sprintwäertung an eng Biergwäertung vun der 2. Kategorie. D’Etapp gouf dominéiert vun engem Spëtzegrupp vun 21 Coureuren. Dëse Grupp sollt och net méi ageholl ginn an esou sollt also ee vun dësen 21 Coureure gewannen. An dat war den Nikias Arndt, deen am Sprint aus dëser Grupp eraus dee Séierste war.

Am General sollt et op en Neits e Changement un der Spëtzt ginn an zwar war et den Nicolas Edet, deen de roude Maillot iwwerhuele konnt. Hei huet hien eng Avance vun 2 Minutten an 21 Sekonnen op de Belsch Dylan Teuns an 3 Minutten an 1 Sekonn op de Miguel Angel Lopez.

Den Alex Kirsch an de Jempy Drucker kommen e Samschdeg op d’Plazen 122 an 123 an der nämmlechter Zäit ewéi de Peloton, also mat engem Retard vun 9 Minutten an 58 Sekonnen.

Resumé

No knapp 19 Kilometer konnt sech een nawell grousse Grupp ofsetzen, 21 Coureuren hate sech duerch d’Bascht gemaach: Jorge Arcas (Movistar Team), Silvan Dillier (AG2R La Mondiale), Luis Leon Sanchez (Astana Pro Team), Dylan Teuns (Bahrain-Merida), Jonas Koch (CCC Team), Zdenek Stybar (Deceuninck-Quick Step), Tobias Ludvigsson (Groupama-FDJ), Carl Fredrik Hagen, Tosh Van der Sande (Lotto Soudal), Nic Dlamini (Dimension Data), David de la Cruz (Team Ineos), Ruben Guerreiro (Katusha Alpecin), Nikias Arndt, Martijn Tusveld (Team Sunweb), Peter Stetina (Trek-Segafredo), Sergio Henao (UAE Team Emirates), Alex Aranburu, Jonathan Lastra (Caja Rural-Seguros RGA), Jesus Herrada, Nicolas Edet (Cofidis) an de Fernando Barcelo (Euskadi-Murias).

De Peloton huet de Spëtzegrupp fuere gelooss an esou war relativ séier kloer, dass de Gewënner aus dem Spëtzegrupp géing kommen. Ronn 20 Kilometer virun der Arrivée konnte sech dräi Coureuren aus dem Spëtzegrupp ofsetzen, dat waren de Guerreiro, den Tusveld an de Barcelo. 12 Kilometer méi spéit konnt den Aranburu opschléissen, ma zu dësem Zäitpunkt waren hir fréier Begleeder net méi all ze wäit hannendrun. Ronn 3,5 Kilometer virum Enn waren allen 21 Coureuren dunn nees beieneen, ma et gouf ëmmer nees weider Attacken.

Si sollten awer zesummen op d’Ligne d’Arrivée kommen an et koum also zu engem Sprint, wou den Nikias Arndt déi beschte Been hat. Hie gewënnt um Enn virum Alex Aranburu an dem Tosh van der Sande.

Top10 vun der 8. Etapp

Generalklassement

1 NICOLAS EDET 203 COFIDIS, SOLUTIONS CREDITS
2 DYLAN TEUNS 38 BAHRAIN - MERIDA 00h 02' 21'’
3 MIGUEL ANGEL LOPEZ MORENO 21 ASTANA PRO TEAM 00h 03' 01'’
4 PRIMOŽ ROGLIC 131 TEAM JUMBO - VISMA 00h 03' 07'’
5 ALEJANDRO VALVERDE 1 MOVISTAR TEAM 00h 03' 17'’
6 NAIRO QUINTANA 7 MOVISTAR TEAM 00h 03' 28'’
7 CARL FREDRIK HAGEN 93 LOTTO SOUDAL 00h 03' 45'’
8 RAFAL MAJKA 41 BORA - HANSGROHE 00h 04' 59'’
9 TADEJ POGACAR 177 UAE TEAM EMIRATES 00h 05' 37'’
10 JHOAN ESTEBAN CHAVES RUBIO 101 MITCHELTON - SCOTT 00h 05' 53'’

Back to Top
CIM LOGO