Movistar zerfält weiderNom Quintana an dem Carapaz geet och de Landa fort

RTL Lëtzebuerg
De spuenesche Profi wiesselt déi nächst Saison vu Movistar bei d'Ekipp Bahrain-Merida.
© AFP

De Mikel Landa soll bei Bahrain-Merida d’Roll vum Kapitän bei de Groussen Tier iwwerhuelen. Den aktuellen Team-Leader Vincenzo Nibali wäert Bahrain-Merida verloossen. Hie soll fir 2020 warscheinlech bei der Ekipp Trek-Segafredo ee Kontrakt ënnerschreiwen.

De Landa, deen am Giro d’Italia 2019 de 4. war an am Tour de France de 6., ass net deen eenzege Coureur, dee bei Movistar fortgeet. Den Ecuadorianer Richard Carapaz wiesselt bei Ineos, d’Ekipp vum Tour-de-France-Gewënner Egan Bernal, an de Kolumbianer Quintana steet kuerz virun enger Eenegung mat der Formatioun Arkea-Samsic.

Back to Top
CIM LOGO