Tour de France - 16. EtappPatrick Konrad wënnt en solitaire, Tadej Pogacar weiderhi Leader

RTL Lëtzebuerg
Op der 16. Etapp vum Tour de France goung et en Dënschdeg iwwer 169 Kilometer vun El Pas de la Casa op Saint-Gaudens.

Nom zweete Roudag goung et op en Neits an d’Pyrenäen eran. De Peloton huet eng grouss Echappée zéie gelooss an deem Grupp och eng ganz grouss Avance zougestanen. An an dësem Spëtzegrupp gouf et 3 Haaptacteuren: de Patrick Konrad, de Sonny Colbrelli an den David Gaudu.

An et war de Patrick Konrad, deen um Enn dee stäerkste Coureur war. De Mann vu Bora-hansgrohe hat sech eng 30 Kilometer virun der Arrivée eleng ofgesat a konnt d’Etapp um Enn en solitaire fir sech entscheeden. Hien hat um Enn eng Avance vu knapp 42 Sekonnen op en zweete Grupp. De Podium gouf komplettéiert vum Sonny Colbrelli a Michael Matthews. De Peloton huet et en Dënschdeg méi lues ugoe gelooss an hat um Enn ee Retard vun 13 Minutten an 49 Sekonnen.

Am General bleift den Tadej Pogacar weiderhi souverän un der Spëtzt. Hien huet hei eng Avance vu 5 Minutten an 18 Sekonnen op de Rigoberto Uran a 5 Minutten an 32 Sekonnen op de Jonas Vingegaard.

D’Top 10 vun der Etapp

1 KONRAD Patrick BORA - hansgrohe
2 COLBRELLI Sonny Bahrain - Victorious 0:42
3 MATTHEWS Michael Team BikeExchange ,,
4 PÉRICHON Pierre-Luc Cofidis, Solutions Crédits ,,
5 BONNAMOUR Franck B&B Hotels p/b KTM ,,
6 ARANBURU Alex Astana - Premier Tech ,,
7 SKUJIŅŠ Toms Trek - Segafredo 0:45
8 BAKELANTS Jan Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
9 GAUDU David Groupama - FDJ 0:47
10 ROTA Lorenzo Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 1:03

D’Top 10 vum General

1 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates
2 URÁN Rigoberto EF Education - Nippo 5:18
3 VINGEGAARD Jonas Team Jumbo-Visma 5:32
4 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 5:33
5 O’CONNOR Ben AG2R Citroën Team 5:58
6 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe 6:16
7 LUTSENKO Alexey Astana - Premier Tech 7:01
8 MAS Enric Movistar Team 7:11
9 MARTIN Guillaume Cofidis, Solutions Crédits 7:58
10 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 10:59

Quiz

Back to Top
CIM LOGO