
No 175 Kilometer vu Plovdiv an d'Haaptstad Sofia duerft sech de Paul Magnier iwwer d'Victoire freeën. De xxx Milan an den Dylan Groenewegen musste sech mat de Plazen 2 an 3 zefridde ginn. Den Thomas Silva huet säin éischten Dag am Maglia Rosa ouni grouss Problemer iwwerstanen a behält de Maillot vum Leader fir eng weider Etapp.
Eng Echappée mat dräi Coureuren (Diego Pablo Sevilla, Manuele Tarozzi an Alessandro Tonelli) hat sech fréi ofgesat a konnt sech eng maximal Avance vu knapp 3 Minutten erausfueren. D'Echappée sollt och den eenzege Bierg (Kategorie 2) vun dëser Course als éischt iwwerwannen an hat och do nach zwouanhallef Minutte Virsprong op de Peloton mam Maglia Rosa. Vun do un sollt de Virsprong awer ëmmer méi schmëlzen.
Et hat schonn ausgesinn, wéi wann déi dräi Coureuren un der Spëtzt d'Victoire ënnert sech ausmaache géifen, mee de Peloton koum mat enormer Vitess méi no a konnt d'Echappée 500 Meter virun der Arrivée afänken. Op de leschte Meter huet sech e Sprint tëscht dem Dylan Groenewegen, dem Roberto Milan an dem Paul Magnier entwéckelt; mam besseren Enn fir de Fransous Magnier.
E Méindeg ass den éischte Roudag vum Giro, well sech d'Ekippen da vu Bulgarien an Italien deplacéieren.
1 Paul Magnier 4:09:42
2 Jonathan Milan 0:00
3 Dylan Groenewegen 0:00
4 Madis Mihkels 0:00
5 Matteo Malucelli 0:00
6 Erlend Blikra 0:00
7 Pascal Ackermann 0:00
8 Davide Ballerini 0:00
9 Tobias Lund Andresen 0:00
10 Enrico Zanoncello 0:00
1 Guillermo Thomas Silva 13:10:05
2 Florian Storck 0:04
3 Egan Bernal 0:04
4 Thymen Arensman 0:06
5 Giulio Ciccone 0:06
6 Jan Christen 0:10
7 Martin Tjötta 0:10
8 Johannes Kulset 0:10
9 Enric Mas 0:10
10 Lennert Van Eetvelt 0:10