Fir d’Lëtzebuerger Formatioun war dëst eng perfekt Méiglechkeet, fir sech mat internationalen Top-Ekippen ze moossen. Aus Lëtzebuerger Siicht waren de Pit Leyder, de Misch Leyder, de Colin Heiderscheid an de Gaetan Pons um Depart.
Fir d’Lëtzebuerger Ekipp Leopard Pro leeft et den Ament gutt an et konnt een ewell eng Rëtsch positiv Resultater afueren. De Gros vun de Coureuren huet ee längere Stage an de Alpen hannert sech, an dowéinst gouf de Grand-Prix Pino Cerami besonnesch als Preparatioun fir den Tour d’Alsace genotzt, deen Enn vum Mount ufänkt a 5 Deeg dauert. Ënnert deene 7 Fuerer, déi fir d’Formatioun un den Depart goungen, waren och déi 4 Lëtzebuerger Pit Leyder, Misch Leyder, Colin Heiderscheid a Gaetan Pons.
D’Ekipp Leopard wier ewéi eng Famill, esou de Gaetan Pons. Um Punkt 12 Auer goufen d‘Coureuren en Donneschdeg vu Saint Ghislain op Frameries geschéckt, wat an der Géigend vu Mons läit. D’Ziler vu Leopard war et virun allem ee Coureur an d’Echappé ze kréien an hire Sprinter Alexander Krieger, fir de Schlusssprint beschtméiglechst ze positionéieren an eng Top10-Platzéierung erauszefueren. Dëst sollt Leopard awer net geléngen, well d’Echappé vun 3 Leit aus aneren Ekippe sech forméiert huet. D‘Lëtzebuerger waren deemno am Peloton vertrueden. Virun allem konnt een op de Pit Leyder gespaant sinn, deen dës Saison ënnert anerem mat enger 3. Plaz op der leschter Etapp beim Skoda Tour de Luxembourg, grad ewéi enger 3. Plaz beim Lëtzebuerger Championnat op sech opmierksam maache konnt. De Coureur fiert vun August un als Stagiaire fir d’pro-kontinental Ekipp Cofidis.
De Peloton sollt an de leschten 10 Kilometer ëmmer méi no un de leschten aus der Echappé, de Franzous Samuel Leroux, erukommen an esou koum et am leschte Kilometer zum Regruppement. Um Enn sollt et zu engem Massesprint kommen, dee vum Fransous Bryan Coquard gewonne gouf. De Beschte vu Leopard gëtt de Pit Leyder, deen an der selwechter Zäit ewéi de Gewënner als 16. iwwert d’Arrivée gefuer ass. Déi aner 3 Lëtzebuerger hunn allerdéngs missten opginn. Et war eng Course déi besonnesch duerch déi extrem Wiederkonditioune markéiert war.