Vuelta ciclista a España: 13. EtappPogacar wënnt Biergetapp, Roglic baut Féierung aus

RTL Lëtzebuerg
E Freideg goung et op der 13. Etapp vun der Vuelta iwwer ganz schwéier 166,4 Kilometer vu Bilbao op Los Machucos.
© AFP

Den Tadej Pogacar war e Freideg op der 13. Etapp dee Beschten. De Slowen huet sech an der Schlussmontée erop op Los Machucos virum Primoz Roglic duerchgesat. Als Drëtten ass de Fransous Pierre Latour iwwert de wäisse Stréch gefuer. Hien hat e Retard vu 27 Sekonnen, genee wéi den Alejandro Valverde, den Nairo Quintana an de Rafal Maika. De Miguel Angel Lopez huet 1 Minutt an 1 Sekonn verluer.

Am General bleift de Roglic weider a Féierung. Hien huet elo e Virsprong vun 2 Minutten a 25 Sekonnen op den Alejandro Valverde. Neien Drëtten ass den Tadej Pogacar op 3 Minutten an 1 Sekonn. De Miguel Angel Lopez ass op déi 4. Plaz zeréckgefall.
Den Alex Kirsch ass e Freideg den 108. mat engem Retard vu 21 Minutten a 46 Sekonne ginn an de Jempy Drucker ass als 115. iwwert d’Arrivée gefuer, dat mat engem Retard vun 22 Minutten an 33 Sekonnen.

Am General ass de Jempy Drucker den 125. op ronn 2 Stonnen an 19 Minutten. Den Alex Kirch ass den 126. mat engem Retard vu ronn 2 Stonnen an 20 Minutten.

Resumé

Op der 13. Etapp an der Vuelta ass et weider schwéier bliwwen. Iwwer 166,4 Kilometer ass et vu Bilbao op Los Machucos gaangen. Op d’Coureuren hunn hei net manner wéi 7 Biergwäertungen a 4.000 Héichtemeter gewaart. Déi häertsten Noss stoung ganz zum Schluss um Programm. De Bierg erop op Los Machucos hat deels eng Steigung vu 25 Prozent.

Vun Ufank u war den Tempo am Peloton ganz héich an et gouf fréi Attacken. No 55 Kilometer hat sech e Spëtzegrupp vun 29 Mann forméiert. Vun all de Coureure war hei de Sergio Higuita (EF Education First) als 14. op 10 Minutten an 21 Sekonnen am Beschten am General placéiert. An der Echappée vertruede waren ënnert anerem och nach de Philippe Gilbert (Deceuninck-Quick Step), de Gewënner vun der 12. Etapp, de Jesus Herrada (Cofidis) an den Thomas de Gendt (Lotto Soudal). D’Avance vum Spëtztegrupp ass am Laf vum Dag op maximal iwwer 8 Minutte geklommen.

Wat d’Arrivée méi no komm ass, ass d’Echappée méi kleng ginn an un der Spëtzt hu sech ëmmer nees aner Coureure gewisen. Den Hector Saez (Euskadi-Murias) war et dunn, deen d’Schlussmontée eng 12 Kilometer virun der Arrivée eleng an Ugrëff geholl huet. 51 Sekonnen hannendru koum de Bruno Armirail (Groupama-FDJ), op 1 Minutt a 14 Sekonnen den Geoffrey Bouchard (AG2R La Mondiale), d’Echappée vum Dag mat nach 16 Coureuren op knapp 2 Minutten an de Grupp mam Leader Primoz Roglic an de weidere Favoritten gouf op 4 Minutten an 43 Sekonne pointéiert.

Am Grupp vun de Favoritten huet den Nairo Quintana (Movistar) 6 Kilometer virun der Arrivée attackéiert. De Kolumbianer konnt sech eng kleng Avance erausfueren, ma no 2 Kilometer hunn de Primoz Roglic (Team Jumbo-Visma), den Alejandro Valverde (Movistar), de Miguel Angel Lopez (Astana), den Tadej Pogacar (UAE Team Emirates), de Rafal Majka (Bora-hansgrohe), de Wilco Kelderman (Team Sunweb) an de Marc Soler (Movistar) hien nees agefaangen. 2 Kilometer virun der Arrivée sinn de Primoz Roglic an den Tadej Pogacar bei de Pierre Latour, deen eleng un der Spëtzt war, bäigefuer an hunn de Fransous stoe gelooss. Béid Coureuren hunn dunn d’Victoire ënnert sech ausgemaach. Um Enn huet de Pogacar sech d’Victoire geséchert. D’Plazen 2 an 3 waren fir de Roglic an de Latour. De Valverde, de Quintana an de Majka hunn op der 13. Etapp 27 Sekonne verluer. De Lopez souguer 1 Minutt an 1 Sekonnen.

De Roglic bleift Leader am General, dat mat engem Virsprong vun elo 2 Minutten a 25 Sekonnen op de Valverde. Drëtten ass elo de Pogacar op 3 Minutten an 1 Sekonn.
Den Alex Kirsch ass e Freideg den 108. mat engem Retard vu 21 Minutten a 46 Sekonne ginn an de Jempy Drucker ass als 115. iwwert d’Arrivée gefuer, dat mat engem Retard vun 22 Minutten an 33 Sekonnen.

Am General ass de Jempy Drucker den 125. op ronn 2 Stonnen an 19 Minutten. Den Alex Kirch ass den 126. mat engem Retard vu ronn 2 Stonnen an 20 Minutten.

Top10 vun der 13. Etapp

1 TADEJ POGACAR (UAE TEAM EMIRATES) 04H 28' 26'’
2 PRIMOŽ ROGLIC (TEAM JUMBO - VISMA) + 00H 00' 00'’
3 PIERRE LATOUR (AG2R LA MONDIALE) + 00H 00' 27'’
4 ALEJANDRO VALVERDE (MOVISTAR TEAM) + 00H 00' 27'’
5 NAIRO QUINTANA (MOVISTAR TEAM) + 00H 00' 27'’
6 RAFAL MAJKA (BORA - HANSGROHE) + 00H 00' 27'’
7 MIGUEL ANGEL LOPEZ MORENO (ASTANA PRO TEAM) + 00H 01' 01'’
8 GIANLUCA BRAMBILLA (TREK - SEGAFREDO) + 00H 01' 08'’
9 MARC SOLER (MOVISTAR TEAM) + 00H 01' 08'’
10 WILCO KELDERMAN (TEAM SUNWEB) + 00H 01' 08'’

Generalklassement

1 PRIMOŽ ROGLIC (TEAM JUMBO - VISMA) 49H 20' 28'’
2 ALEJANDRO VALVERDE (MOVISTAR TEAM) + 00H 02' 25'’
3 TADEJ POGACAR (UAE TEAM EMIRATES) + 00H 03' 01'’
4 MIGUEL ANGEL LOPEZ MORENO (ASTANA PRO TEAM) + 00H 03' 18'’
5 NAIRO QUINTANA (MOVISTAR TEAM) + 00H 03' 33'’
6 RAFAL MAJKA (BORA - HANSGROHE) + 00H 06' 15'’
7 NICOLAS EDET (COFIDIS, SOLUTIONS CREDITS) + 00H 07' 18'’
8 CARL FREDRIK HAGEN (LOTTO SOUDAL) + 00H 07' 33'’
9 WILCO KELDERMAN (TEAM SUNWEB) + 00H 07' 39'’
10 DYLAN TEUNS (BAHRAIN - MERIDA) + 00H 09' 58'’

Back to Top
CIM LOGO