Paris-RoubaixPräisgeld bei den Damme klëmmt vun 1.535 € op 20.000 €

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg gëtt déi 2. Editioun vun der Dammecourse vu Paris-Roubaix gefuer.

Den Organisateur vu Paris-Roubaix ASO (Amaury Sport Organisation) huet bekannt ginn, datt d’Präisgeld bei den Damme bei der 2. Editioun vum Klassiker däitlech an d’Luucht gesat gëtt.

D’Gewënnerin kritt dëst Joer 20.000 Euro, dat ass 13 Mol méi wéi bei der éischter Editioun. Am Oktober d’lescht Joer hat d’Lizzie Deignan nëmmen 1.535 Euro kritt. Dëst hat fir vill Kritik gesuergt. Dat komplett Präisgeld bei den Damme läit bei 50.000 Euro.

Bei den Häre läit d’Präisgeld bei 90.000 Euro. De Gewënner kritt 30.000 Euro.

D’Course vun den Damme mam Christine Majerus gëtt e Samschdeg live op RTL iwwerdroen. E Sonndeg weist RTL och d’Course vun den Hären.

Back to Top
CIM LOGO