
Um Wee Richtung Arrivée stoungen 3 Bierger vun der 1. Kategorie a jeeweils 1 vun der 2. an 3. Kategorie um Programm. Eng 10 Leit hate sech fréi vum Peloton ofgesat an aus dësem Grupp eraus sollt och de Gewënner kommen. Um Enn konnt sech nämlech de Brandon McNulty en solitaire duerchsetzen. Den US-Amerikaner hat um Enn eng Avance vun 1 Minutt an 58 Sekonnen op de Franck Bonnamour an de Matteo Jorgenson. De Grupp mat de Favoritten hat ee Retard vu 5 Minutten an 42 Sekonnen op de Gewënner. Den Alex Kirsch gouf de 47. op 12 Minutten an 8 Sekonnen, fir de Kevin Geniets war et déi 112. Plaz op 24 Minutten an 22 Sekonnen.
Am General iwwerhëlt de Primoz Roglic de Giele Maillot vu sengem Teamkomerod Wout van Aert, dee ronn 40 Kilometer virun der Arrivée huet misse lassloossen. De Roglic huet hei eng Avance vun 39 Sekonnen op de Simon Yates an 41 Sekonnen op de Pierre Latour. Hei ass den Alex Kirsch den 43. op 11 Minutten an 43 Sekonnen an de Kevin Geniets den 81. op 27 Minutten a 15 Sekonnen.
1 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates
2 BONNAMOUR Franck B&B Hotels - KTM 1:58
3 JORGENSON Matteo Movistar Team ,,
4 VANHOUCKE Harm Lotto Soudal 2:30
5 PICHON Laurent Team Arkéa Samsic 4:01
6 TURGIS Anthony TotalEnergies 4:02
7 MADOUAS Valentin Groupama - FDJ 4:57
8 DOULL Owain EF Education-EasyPost ,,
9 LATOUR Pierre TotalEnergies 5:43
10 PACHER Quentin Groupama - FDJ ,,
...
47 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 12:08
112 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 24:22
1 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma
2 YATES Simon Team BikeExchange - Jayco 0:39
3 LATOUR Pierre TotalEnergies 0:41
4 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers 0:56
5 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 0:59
6 YATES Adam INEOS Grenadiers 1:11
7 KRAGH ANDERSEN Søren Team DSM 1:26
8 HAIG Jack Bahrain - Victorious 1:35
9 QUINTANA Nairo Team Arkéa Samsic 1:45
10 IZAGIRRE Ion Cofidis 2:01
...
43 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 11:43
81 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 27:15