Paris-Nice: 4. EtappPrimoz Roglic séchert sech d'Etappevictoire an de Maillot Jaune

RTL Lëtzebuerg
De Slowen huet sech an der Schlussmontée vun der 4. Etapp en solitaire virum Maximilian Schachmann an dem Guillaume Martin behaapt.
Primoz Roglic wënnt Etapp a kritt de Maillot Jaune
Op der 4. Etapp vu Paris-Nice hu 6 Bierger vun der 2. Kategorie an eng vun der 1. Kategorie gewaart. De Bob Jungels huet knapp 2 Minutte verluer.

Op der 4. Etapp vu Paris-Nice ass et e Mëttwoch iwwer hiwweleg 187,5 Kilometer vu Chalon-sur-Saône op Chiroubles gaangen. No 6 Bierger vun der zweeter Kategorie huet ganz zum Schluss nach eng Montée vun der éischter Kategorie gewaart. An hei huet de Primoz Roglic dräi Kilometer virun der Arrivée déi decisiv Attack gesat a konnt sech esou d’Victoire en solitaire sécheren. Mat enger Avance vun 12 Sekonne huet hie sech virum Maximilian Schachmann aus Däitschland an dem Fransous Guillaume Martin duerchgesat.

Am General huet de Roglic als neie Leader eng Avance vu 35 Sekonnen op de Schachmann.

De Bob Jungels konnt den Tempo vun de Favoritten net bis zum Schluss matgoen an huet an der Schlussmontée misse lassloossen. Um Enn huet hien als 36. eng Minutt a 54 Sekonne verluer. Am General ass et aktuell déi 34. Plaz op zwou Minutten an 39 Sekonnen. Den Alex Kirsch huet als 89. 13 Minutten an 22 Sekonne verluer. Am General ass et fir hien elo déi 93. Plaz op 16 Minutten a 34 Sekonnen.

D’Top 10 vun der Etapp

© Screenshot

De General

© Screenshot

Back to Top
CIM LOGO