Vuelta: 11. EtappPrimoz Roglic séchert sech seng 2. Etappevictoire

RTL Lëtzebuerg
De Slowen mécht 11 Sekonnen op de Christian Eiking gutt an huet lo nach e Retard vun enger Minutt a 56 Sekonnen op den Norweger.
© AFP

Op der 11. Etapp vun der Vuelta ass et iwwer hiwweleg 133,6 Kilometer vun Antequera op Valdepenas de Jaen gaangen.

Hei hat de Primoz Roglic op en Néits déi séierste Been. De Enric Mas ass mat engem Retard vun 3 Sekonnen als 2. iwwert d’Arrivée gefuer. 3. gouf de Miguel Angel Lopez op 5 Sekonnen.

De Leader am General bleift weiderhin de Odd Christian Eiking mat enger Avance vun 58 Sekonnen op de Martin Guillaume. De Primoz Roglic mécht Zäit gutt, mee bleift weiderhin den 3. op 1 Minutt a 56 Sekonnen.

De Kevin Geniets ass als 52. mat engem Retard vun 3 Minutten an 38 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer. Den Alex Kirsch ass den 167. op iwwer 14 Minutten a 7 Sekonne ginn. Am General ass de Geniets den 124. op iwwer eng Stonn an 42 Minutten, de Kirsch den 155. mat engem Retard vun iwwer enger Stonn an 58 Minutten.

D’Top 10 vun der Etapp

1 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 3:11:00
2 MAS Enric Movistar Team 0:03
3 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 0:05
4 HAIG Jack Bahrain - Victorious 0:07
5 YATES Adam INEOS Grenadiers 0:07
6 BARDET Romain Team DSM 0:07
7 GROßSCHARTNER Felix BORA - hansgrohe 0:07
8 VLASOV Aleksandr Astana - Premier Tech 0:07
9 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 0:11
10 EIKING Odd Christian Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 0:11
...
52 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 3:38
167 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 14:07

De General

1 EIKING Odd Christian Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 41:48:57
2 MARTIN Guillaume Cofidis, Solutions Crédits 0:58
3 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 1:56
4 MAS Enric Movistar Team 2:31
5 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 3:28
6 HAIG Jack Bahrain - Victorious 3:55
7 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 4:46
8 YATES Adam INEOS Grenadiers 4:57
9 KUSS Sepp Team Jumbo-Visma 5:03
10 GROßSCHARTNER Felix BORA - hansgrohe 5:38
...
124 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 01:42:01
155 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 01:58:33

Back to Top
CIM LOGO