
Op der leschter an 21. Etapp gouf en Eenzelzäitfueren iwwer hiwweleg 33,8 km vu Padron op Santiago de Compostela gefuer. Mat enger ganz staarker a beandrockender Leeschtung huet de Primoz Roglic seng Victoire am General mat enger Victoire op der leschter Etapp bestätegt. Virum Zäitfueren hat en e komfortabele Virsprong an huet dësen Ecart nach weider ausgebaut. Dëst ass déi 3. Kéier dat de Slowen d’Vuelta konnt gewannen.
Spannend war et an der Lutte ëm déi 3. Plaz am General tëscht dem Jack Haig an dem Adam Yates. Hei konnt sech awer den Jack Haig duerchsetzen a gëtt den 3.. Déi zweet Plaz am General konnt de Spuenier Enric Mas verdeedegen. Hei gëtt de Kevin Geniets um Enn de 85. an den Alex Kirsch den 120.
Hannert dem Primoz Roglic gëtt op der leschter Etapp de Magnus Cort 2. virum Hollänner Thymen Arensman. De Kevin Geniets huet eng gutt Leeschtung gewisen a gëtt em Zäitfueren den 21. mat engem Retard vun 3 Minutten a 7 Sekonnen. Den Alex Kirsch gëtt mat engem Réckstand vun 4 Minutten an 29 Sekonnen de 55..
De wäissen Trikot vum beschte jonken konnt sech de Schwäizer Gino Mäder sécheren. Beschte Sprinter gëtt den Hollänner Fabio Jakobsen an de Biergtrikot huet sech den Australier Michael Storer geséchert.
1 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 0:44:02
2 CORT Magnus EF Education - Nippo 0:13
3 ARENSMAN Thymen Team DSM 0:51
4 ČERNÝ Josef Deceuninck - Quick Step 1:16
5 HAGA Chad Team DSM 1:42
6 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 1:49
7 GROßSCHARTNER Felix BORA - hansgrohe 1:51
8 KRUIJSWIJK Steven Team Jumbo-Visma ,,
9 MAS Enric Movistar Team 2:04
10 IZAGIRRE Ion Astana - Premier Tech 2:05
21 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 3:07
55 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 4:29
1 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 83:55:29
2 MAS Enric Movistar Team 4:42
3 HAIG Jack Bahrain - Victorious 7:39
4 YATES Adam INEOS Grenadiers 9:06
5 MÄDER Gino Bahrain - Victorious 11:33
6 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 13:27
7 DE LA CRUZ David UAE-Team Emirates 18:32
8 KUSS Sepp Team Jumbo-Visma 18:54
9 MARTIN Guillaume Cofidis, Solutions Crédits 20:26
10 GROßSCHARTNER Felix BORA - hansgrohe 22:21
85 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 3:52:41
120 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 4:50:22