Hannert de Kulisse vum Ardenne-ChallengeRegionalekipp als wichtege Bausteen am Lëtzebuerger Vëlossport

Tom Flammang
An der Regional Ekipp fuere Sportler aus verschiddene Veräiner.
Regionalekipp e wichtege Bausteen am Lëtzebuerger Cyclissem
An der Regional Ekipp fuere Sportler aus verschiddene Veräiner.

Am Vëlossport sinn an de leschte Joren ëmmer méi jonk Sportler scho fréi bei d’Profie gewiesselt. Dat klappt awer net fir jiddwereen a sou ass et wichteg, datt hannert de grousse Strukturen och Méiglechkeete fir déi Fuerer bestinn, déi en anere Wee wëlle goen oder et ni op dee ganz héijen Niveau packen. D’Regional Ekipp Lëtzebuerg ass sou eng Struktur. Dës Woch stoung fir si mam Ardenne-Challenge eng schwéier Course um Programm.

An der Regional Ekipp fuere Sportler aus verschiddene Veräiner. D’Coursse vum Ardenne-Challenge si gutt besat an dacks gesäit een d’Nimm vun de Vainqueure spéider och am Profipeloton. Souwäit ass et fir d’Lëtzebuerger awer nach net. Et gëllt, den néidege Cours-Rhythmus ze kréien.

Op deem schwéiere Parcours ronderëm Wolz haten d’Lëtzebuerger keen einfache Stand. Iwwer déi vill Koppe gouf de grousse Peloton ëmmer méi kleng an déi ofgehaange Coureuren aus der Course geholl. Beim Ardenne-Challenge kann een awer daags drop nees un den Depart goen.

Och wann en Donneschdeg kee vun de jonke Léiwen an der vun den Norweger dominéierter Course am Klassement war, bleift d’Regional Ekipp awer e wichtege Bausteen am Lëtzebuerger Vëlossport. Dank dem Benevolat vun enger engagéierten Ekipp ronderëm d’Coureure kréien déi d’Méiglechkeet, sech an hirem eegene Rhythmus ze entwéckelen.

E Sonndeg op der leschter Etapp konnt sech Pol Breser d’Victoire geséchert. Fir den 18 Joer jonke Lëtzebuerger ass et déi éischt international Victoire.

D’Schlussklassement

Classement général final :
1. TJØTTA Martin Team Ringerikskraft 34 pts
2. JOHANNINK Jelle Sensa-Kanjers voor Kanjers CT 40
3. VAN DEN PUT Ronan Stageco CT 55
4. CRAPS Lars Urbano Vulsteke CT 62
5. HAUGSVÆR Sindre Bjerkestrand Team Kjekkas 65
6. PONSAERTS Thibaut Minerva CT 75
7. NAUDTS Thomas EFC-L&R-AGS 87
8. GABRIEL Timothy VCU Schwenheim 97
9. VAN PRAET Robbe Minerva CT 97
10. DEWEIRDT Siebe Elevate P/B Home Solution-Soenens 101

Vun de Lëtzebuerger steet kee Coureur am Schlussklassement.

Back to Top
CIM LOGO