Vuelta: 3. EtappRein Taaramäe gewënnt déi éischte Biergetapp

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Kevin Geniets an Alex Kirsch hu sech als 102. respektiv 131. klasséiert.
© AFP

Um 3. Dag vun der Vuelta ass et iwwer 202 Kilometer vu Santo Domingo de Silos op Picon Blanco gaangen, mat der éischter Arrivée op engem Sommet. Hei war den Est Rein Taaramaë de Séiersten. Zweete gëtt de Jospeh Dombrowski mat engem Retard vun 21 Sekonnen. Déi drëtte Plaz ass fir de Kenny Elissonde op 36 Sekonnen.

Neie Leader am General ass domat de Rein Taaramäe mat engem Virsprong vu 25 Sekonnen op de Kenny Elissonde. De Primoz Roglic fält vun der 1. op déi 3. Plaz zeréck an huet elo e Réckstand vun 30 Sekonnen.

De Lëtzebuerger Kevin Geniets ass op 11 Minutten a 54 Sekonnen den 102. ginn, den Alex Kirsch gouf 131. mat engem Retard vu 14 Minutten a 50 Sekonnen. Am General ass de Geniets elo 115. mat 13 Minutten a 37 Sekonne Retard an de Kirsch 146. op 16 Minutten an 53 Sekonnen.

D’Top10

1 TAARAMÄE Rein Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 5:16:57
2 DOMBROWSKI Joe UAE-Team Emirates 0:21
3 ELISSONDE Kenny Trek - Segafredo 0:36
4 CALMEJANE Lilian AG2R Citroën Team 1:16
5 MAS Enric Movistar Team 1:45
6 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 1:48
7 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma ,,
8 YATES Adam INEOS Grenadiers ,,
9 LANDA Mikel Bahrain - Victorious ,,
10 CICCONE Giulio Trek - Segafredo ,,
...
102 KÉVIN GENIETS 122 GROUPAMA - FDJ 11:54
131 ALEX KIRSCH 214 TREK - SEGAFREDO 14:50

De General

1 97 ▲96 TAARAMÄE Rein Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 9:25:44
2 77 ▲75 ELISSONDE Kenny Trek - Segafredo 0:25
3 1 ▼2 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 0:30
4 43 ▲39 CALMEJANE Lilian AG2R Citroën Team 0:35
5 12 ▲7 MAS Enric Movistar Team 0:45
6 16 ▲10 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 0:51
7 28 ▲21 VALVERDE Alejandro Movistar Team 0:57
8 30 ▲22 CICCONE Giulio Trek - Segafredo ,,
9 31 ▲22 BERNAL Egan INEOS Grenadiers ,,
10 44 ▲34 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 1:09
...
115 146 ▲31 GENIETS Kévin Groupama - FDJ 13:37
146 162 ▲16 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 16:53

Back to Top
CIM LOGO