
Virum Roudag stoung e Sonndeg op der 9. Etapp vun der Vuelta nach eng Kéier eng schwéier Biergetapp um Programm. Iwwer 188 Kilometer ass et vu Puerto Lumbreras op Alto de Velefique gaangen, wou eng Arrivée um Bierg gewaart huet.
Dee beschte Coureur war e Sonndeg den Damiano Caruso. Den Italiener huet sech d’Victoire no gutt 70 Kilometer un der Spëtzt en solitaire geséchert.
Als Zweeten ass de Leader am General Primoz Roglic iwwert d’Arrivée gefuer. Hien hat e Retard vun enger Minutt a 5 Sekonnen. Eng Sekonn drop ass den Enric Mas als Drëtten ukomm.
De Primoz Roglic huet e Sonndeg duerch eng staark Leeschtung gewisen, datt hien den Toppfavorit op d’Schlussvictoire ass. Vill grouss Konkurrenten am General konnten dem Slowen nämlech net nogoen. Am General huet de Roglic elo e Virsprong vun 28 Sekonnen op den neien Zweeten Enric Mas. Drëtten op eng Minutt an 21 Sekonnen ass de Miguel Angel Lopez.
De Kevin Geniets ass de 75. op iwwer 28 Minutte ginn. Den Alex Kirsch ass e Sonndeg als 153. op ronn 38 Minutten ukomm. Am General ass de Geniets den 135. op iwwer eng Stonn an 22 Minutten, de Kirsch ass den 160. op iwwer eng Stonn an 32 Minutten.
1 DAMIANO CARUSO 43 BAHRAIN VICTORIOUS 05h 03' 14'’
2 PRIMOŽ ROGLIČ 1 JUMBO - VISMA 05h 04' 19'’ + 00h 01' 05'’
3 ENRIC MAS 171 MOVISTAR TEAM 05h 04' 20'’ + 00h 01' 06'’
4 JACK HAIG 44 BAHRAIN VICTORIOUS 05h 04' 58'’ + 00h 01' 44'’
5 MIGUEL ANGEL LOPEZ 174 MOVISTAR TEAM 05h 04' 58'’ + 00h 01' 44'’
6 ADAM YATES 138 INEOS GRENADIERS 05h 04' 58'’ + 00h 01' 44'’
7 GINO MÄDER 45 BAHRAIN VICTORIOUS 05h 05' 21'’ + 00h 02' 07'’
8 GIULIO CICCONE 211 TREK - SEGAFREDO 05h 05' 24'’ + 00h 02' 10'’
9 EGAN ARLEY BERNAL 131 INEOS GRENADIERS 05h 05' 24'’ + 00h 02' 10'’
10 DAVID DE LA CRUZ 221 UAE TEAM EMIRATES 05h 05' 54'’ + 00h 02' 40'’
...
75 KÉVIN GENIETS 122 GROUPAMA - FDJ 05h 31' 27'’ + 00h 28' 13'’
156 ALEX KIRSCH 214 TREK - SEGAFREDO 05h 41' 18'’ + 00h 38' 04'’
1 PRIMOŽ ROGLIČ 1 JUMBO - VISMA 34h 18' 53'’
2 ENRIC MAS 171 MOVISTAR TEAM 34h 19' 21'’ + 00h 00' 28'’
3 MIGUEL ANGEL LOPEZ 174 MOVISTAR TEAM 34h 20' 14'’ + 00h 01' 21'’
4 JACK HAIG 44 BAHRAIN VICTORIOUS 34h 20' 35'’ + 00h 01' 42'’
5 EGAN ARLEY BERNAL 131 INEOS GRENADIERS 34h 20' 45'’ + 00h 01' 52'’
6 ADAM YATES 138 INEOS GRENADIERS 34h 21' 00'’ + 00h 02' 07'’
7 GIULIO CICCONE 211 TREK - SEGAFREDO 34h 21' 32'’ + 00h 02' 39'’
8 SEPP KUSS 6 JUMBO - VISMA 34h 21' 33'’ + 00h 02' 40'’
9 FELIX GROSSSCHARTNER 51 BORA - HANSGROHE 34h 22' 18'’ + 00h 03' 25'’
10 DAVID DE LA CRUZ 221 UAE TEAM EMIRATES 34h 22' 48'’ + 00h 03' 55'’
...
136 KÉVIN GENIETS 122 GROUPAMA - FDJ 35h 41' 28'’ + 01h 22' 35'’
160 ALEX KIRSCH 214 TREK - SEGAFREDO 35h 51' 21'’ + 01h 32' 28'’