
En Dënschdeg waren deemno d’Zäitfuer-Spezialisten an d’Klassementsfuerer gefuerdert. Mat 36, 2 relativ flaache Kilometer konnt een hei natierlech vill Zäit gutt maachen, awer och vill Zäit verléieren. Et konnt een also erwaarden, dass de General e bëssen duerchgemëscht géing ginn, virun allem well virun der Etapp déi éischt 4 alleguerten innerhalb vun 20 Sekonne louchen an do net grad jidderee bekannt ass als Zäitfuer-Spezialist.
Esou hunn dann och all d’Klassementsfuerer iwwer 1 Minutt op de Primoz Roglic verluer, deen dës Etapp gewanne konnt. De Slowen iwwerhëlt och d’Féierung am General. Hei huet hien elo eng Avance vun 1 Minutt an 52 Sekonnen op den Alejandro Valverde, 2 Minutten an 11 Sekonnen op de Miguel Angel Lopez, 3 Minutten op de Quintana an 3 Minutten a 5 Sekonnen op den Tadej Pogacar.
De Jempy Drucker gëtt de 76. op 5 Minutten a 27 Sekonnen an den Alex Kirsch den 142. op 7 Minutten an 19 Sekonnen. Am General ass de Jempy Drucker elo den 125. op 1 Stonn, 44 Minutten an 48 Sekonnen an den Alex Kirsch den 133. op 1 Stonn, 47 Minutten a 15 Sekonnen.
Déi éischt richteg gutt Zäit goufen en Dënschdeg vum Remi Cavagna, Patrick Bevin, Lawson Craddock, Nelson Oliveira an Thomas de Gendt gefuer. Op der Arrivée hat de Bevin eng Avance vun 2 Sekonnen op de Cavagna an 23 Sekonnen op de Craddock.
Ewéi dunn d’Klassementsfuerer op de Circuit gaange sinn, ware bei der éischter Tëschenzäit zwee Fuerer, déi erausgestach hunn an d’Plazen 1 an 2 bei der éischter Tëschenzäit no 11,9 Kilometer iwwerholl hunn. Hei louch de Roglic elo vir, dat mat schonns 21 Sekonnen Avance op de jonken Tadej Pogacar. Drëtte war hei elo de Cavagna op 32 Sekonnen, de Leader am General Nairo Quintana hat hei schonns e Retard vun 1 Minutt a 26 Sekonnen.
Bei der zweeter Tëschenzäit no 24 Kilometer huet de Pogacar awer e bëssen un Zäit verluer, hie louch elo 29 Sekonnen hannert dem Bevin a ganzer 48 hannert dem Roglic, deen och hei d’Beschtzäit hat. Den Nairo Quintana ass hei mat engem Retard vun 2 Minutten an 12 Sekonne passéiert.
An och op der Arrivée hat de Roglic de beschte Chrono, esou dass hien dës 10. Etapp gewënnt, dat mat 25 Sekonnen Avance op de Bevin a 27 Sekonnen op de Cavagna. Domat iwwerhëlt hien och d’Féierung am General, well den Nairo Quintana hat op der Zillinn ee Retard vun 3 Minutten a 6 Sekonnen op de Gewënner.
1 Roglič Primož Team Jumbo-Visma
2 Bevin Patrick CCC Team 0:25
3 Cavagna Rémi Deceuninck - Quick Step 0:27
4 Craddock Lawson EF Education First 0:48
5 Oliveira Nelson Movistar Team 1:02
6 Latour Pierre AG2R La Mondiale 1:14
7 De Gendt Thomas Lotto Soudal 1:21
8 Soler Marc Movistar Team 1:22
9 Teuns Dylan Bahrain Merida 1:27
10 Martínez Daniel Felipe EF Education First 1:28
1 Roglič Primož Team Jumbo-Visma 20 36:05:29
2 Valverde Alejandro Movistar Team 1:52
3 López Miguel Ángel Astana Pro Team 2:11
4 Quintana Nairo Movistar Team 3:00
5 Pogačar Tadej UAE-Team Emirates 3:05
6 Hagen Carl Fredrik Lotto Soudal 4:59
7 Majka Rafał BORA - hansgrohe 5:42
8 Edet Nicolas Cofidis, Solutions Crédits 5:49
9 Teuns Dylan Bahrain Merida 6:07
10 Kelderman Wilco Team Sunweb 6:25