Kuerz nom Start hate sech 9 Coureuren ofgesat, déi sech e Virsprong vu bis zu 4 an enger hallwer Minutt konnten erausfueren, dat eng 116 Kilometer nom Start. Wéi de Peloton den Tempo ugezunn huet, huet och d’Echappée dat misste maachen, obwuel si Sekonn ëm Sekonn verluer hunn. Zwee vun den 9 Leit un der Spëtzt konnten deen Tempo awer net méi matgoen. An där Phas gouf et un der Spëtzt vum Peloton eng Chute, an déi och den Alaphilippe, den Barguil an den Hirschi verwéckelt waren. De Gros vun hinne konnt weiderfueren, déi Meescht hunn et dann och zeréck an de Peloton gepackt.
De Michael Schär an de Gino Mäder hunn dann ausgenotzt, wat em Peloton geschitt ass an hu sech an der Echappée nach eng Kéier ofgesat. 65 Kilometer viru Schluss waren déi zwee Schwäizer eleng un der Spëtzt, mat iwwer eng Minutt op hir al Begleeder an iwwer 3 Minutten op de Peloton, wou och déi 3 Lëtzebuerger dra waren. E puer Kilometer méi spéit huet de Schär sech eleng ofgesat. Eleng sollt dat awer eng schwéier Saach ginn, grad, well de Peloton nees Tempo opgeholl huet. 36,7 Kilometer virun der Arrivée war dunn och Schluss fir de Schär an d’Echappée war komplett agefaangen.
De Gros vun de Favoritte war nach beieneen an esou koum et, datt ëmmer nees Coureuren attackéiert hunn. Eng 14 Kilometer virun der Arrivée hu sech 5 Leit, Roglic, Hirschi, Alaphilippe, Pogacar a Kwiatkowski ofgesat a séier hate si 20 Sekonnen erausgefuer op eng weider Grupp mat 12 Leit, déi sech ofgesat huet. 5 Kilometer virun der Arrivée haten déi du just nach 4 Leit 14 Sekonnen Avance op de Grupp hannert hinnen. Fir koum et op de leschte Kilometer zu enger Course tëscht zwou Echappéeën a ronn 16 Coureuren. De Gewënner sollt awer aus der éischter Grupp kommen, wou am Sprint sech de Primoz Roglic um leschte Milimeter duerchsetze kann, dat virum Julian Alaphilippe, dem Marc Hirschi an dem Tadej Pogacar. De Mohoric hat et nach aus eegener Kraaft gepackt, an déi éischt Grupp ze fueren, konnt d’Etapp awer net gewannen.
De Roglic, dee jo och beim Tour de France op déi zweete Plaz gefuer ass, huet domadder seng aktuell gutt Form ënnermauert.
Kuerz no der Course koum d’Meldung, datt den Alaphilippe eng Strof géif kréien an domadder vun der zweeter op déi 5. Plaz zeréckgesat gouf.
1 Roglič Primož Team Jumbo-Visma 6:32:02
2 Hirschi Marc Team Sunweb ,,
3 Pogačar Tadej UAE-Team Emirates ,,
4 Mohorič Matej Bahrain - McLaren ,,
5 Alaphilippe Julian Deceuninck - Quick Step ,,
6 van der Poel Mathieu Alpecin-Fenix +0:14
7 Woods Michael EF Pro Cycling ,,
8 Benoot Tiesj Team Sunweb ,,
9 Barguil Warren Team Arkéa Samsic ,,
10 Kwiatkowski Michał INEOS Grenadiers ,,
...
94 Jungels Bob Deceuninck - Quick Step +12:04
119 Ries Michel Trek - Segafredo +13:08
Den Alex Kirsch ass d’Course net op en Enn gefuer.
D’Lizzie Deignan (Trek-Segafredo) huet sech e Sonndeg beim Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck an der Damme-Course d’Victoire geséchert. Domadder steet elo eng weider grouss Victoire am Palmarès vun der Brittin. Um Podium stoungen nach d’Australierin Grace Brown an d’Hollännerin Ellen van Dijk.