Um Sonndeg war et den Optakt vu Paris-Nice. Mam Alex Kirsch an dem Bob Jungels sinn och zwee Lëtzebuerger bei der éischter méi grousser Etappecourse mat dobäi. Vu Saint-Cyr-L’École bis op Saint-Cyr-L’École ass et iwwer 166 km gaangen.
Laang war de Fabien Doubey als Solist un der Spëtzt vun der Etapp, éier eng ronn 52 Kilometer virun der Arrivée de Philippe Gilbert laanscht gezunn ass. Ëmmer erëm hunn et Coureure versicht, aus dem Peloton erauszefueren, ouni Erfolleg. An esou ass et zum Massesprint komm. Hei konnt sech de Sam Bennett (Deceuninck-Quick-Step) duerchsetzen. Op Plaz 2 an 3 fueren den Arnaud Demare an de Mads Pedersen.
De Bob Jungels fiert bei der 1. Etapp vun der “Course au soleil” op déi 61 Plaz. Duerch eng Chutte am Pleton an deene leschten 3 Kilometer kritt de Lëtzebuerger déi nämmlecht Zäit wéi de Sam Bennett. Den Alex Kirch, deen e groussen Effort an der Schlussphase fir seng Ekipp geleescht huet, fiert als 144 iwwert d’Linn, mat engem Retard vu 2 Minutten a 17 Sekonnen.
1 SAM BENNETT (DECEUNINCK - QUICK - STEP) 03H 51' 38'’
2 ARNAUD DEMARE (GROUPAMA - FDJ) 03H 51' 38'’
3 MADS PEDERSEN (TREK - SEGAFREDO) 03H 51' 38'’
4 JASPER PHILIPSEN (ALPECIN - FENIX) 03H 51' 38'’
5 BRYAN COQUARD (B&B HOTELS P/B KTM) 03H 51' 38'’
6 PASCAL ACKERMANN (BORA - HANSGROHE) 03H 51' 38'’
7 PHIL BAUHAUS (BAHRAIN VICTORIOUS) 03H 51' 38'’
8 CHRISTOPHE LAPORTE (COFIDIS) 03H 51' 38'’
9 ANDRÉ GREIPEL (ISRAEL START-UP NATION) 03H 51' 38'’
10 RUDY BARBIER (ISRAEL START-UP NATION) 03H 51' 38'’
1 SAM BENNETT (DECEUNINCK - QUICK - STEP) 3:51:28
2 ARNAUD DEMARE (GROUPAMA - FDJ) 0:00:04
3 MICHAEL MATTHEWS (TEAM BIKEEXCHANGE) 0:00:05
4 MADS PEDERSEN (TREK - SEGAFREDO) 0:00:06
5 TIESJ BENOOT (TEAM DSM) 0:00:08
6 BEN SWIFT (INEOS GRENADIERS) 0:00:09
7 JASPER STUYVEN (TREK - SEGAFREDO) 0:00:09
8 JASPER PHILIPSEN (ALPECIN - FENIX) 0:00:10
9 BRYAN COQUARD (B&B HOTELS P/B KTM) 0:00:10
10 PASCAL ACKERMANN (BORA - HANSGROHE) 0:00:10