Vuelta ciclista a España: 3. EtappSam Bennett setzt sech am Sprint duerch

RTL Lëtzebuerg
Eng Etapp iwwer 188 Kilometer, ouni all ze vill Bierger, huet d'Sprinterekippen animéiert, fir dës Etapp ze dominéieren.

Dräi Coureuren hu sech direkt nom Start ofgesat a si hunn och d’Echappée vum Dag dominéiert, ma si sollten net an d’Zil kommen. De Madrazo konnt awer op béide Koppe vum Dag sech duerchsetzen, esou datt hien elo den Trikot vum beschte Biergfuerer dierf undoen.

D’Etapp ass, wéi et d’Profil et undeite gelooss huet, an engem Sprint op en Enn gaangen. Hei konnt sech de Sam Bennett duerchsetzen, dat virum Edward Theuns an dem Luka Mezgec. Déi zwee Lëtzebuerger am Peloton sinn an der selwechter Zäit wéi de Vainqueur iwwert d’Arrivée gefuer.

Résumé

Kuerz nom Start hunn den Angel Madrazo, Hector Saez an den Diego Rubio hiert d’Gléck probéiert a sech an d’Echappée getraut. No ronn 50 Kilometer hate si eng Avance vu 6 Minutten an 11 Sekonnen, ma vill méi huet de Peloton hinnen net zougestanen. Dono hu si lues a lues u Buedem verluer an zum Schluss konnt just de Madrazo de Peloton e bëssen op Distanz halen. Hie war dann och den éischte Coureur iwwert déi zwee éischt Bierger vun der Course, esou datt hie sech no der Etapp de getëppelte Maillot kann undoen.

Kuerz dono war seng Echappé awer och eriwwer an de Peloton konnt hie afänken. Bal gläichzäiteg ass ee ee Favorit op d’Victoire vum Dag, de Fernando Gaviria zeréckgefall, zwee weider Coureure vun UAE hu sech dann zeréckfale gelooss, fir hire Sprinter nees bäibréngen ze kënnen. Dëst ass hinnen awer net gelongen a si hu souguer weider Zäit op de Peloton verluer.

Si haten also näischt mam Sprint ze dinn, deen d’Victoire vun der Etapp decidéiert huet. Hei huet de Sam Bennett (BOA) déi lescht Metere kloer dominéiert an ass als éischten hie iwwert d’Arrivée gefuer. Op d’Plazen 2 an 3 kommen den Theuns (TFS) an de Mezgec (MTS).

Top10 vun der 2. Etapp

1. BENNETT Sam 4h 25' 02'’
2. THEUNS Edward + 00' 00'’
3. MEZGEC Luka + 00' 00'’
4. ABERASTURI IZAGA Jon + 00' 00'’
5. BAUHAUS Phil + 00' 00'’
6. RICHEZE Maximiliano Ariel + 00' 00'’
7. JAKOBSEN Fabio + 00' 00'’
8. BARTHE Cyril + 00' 00'’
9. SAJNOK Szymon + 00' 00'’
10. VENTURINI Clement + 00' 00'’

Generalklassement

1. ROCHE Nicolas 5h 26' 12'’
2. QUINTANA Nairo + 00' 02'’
3. URAN Rigoberto + 00' 08'’
4. NIEVE ITURRALDE Mikel + 00' 22'’
5. LOPEZ MORENO Miguel Angel + 00' 33'’
6. ROGLIC Primož + 00' 36'’
7. KELDERMAN Wilco + 00' 38'’
8. HIGUITA GARCIA Sergio Andres + 00' 40'’
9. FORMOLO Davide + 00' 46'’
10. MAJKA Rafal + 00' 46'’

Back to Top
CIM LOGO