Paris-Nice: 5. EtappSam Bennett wënnt Etapp, Roglic verdeedegt trotzt Chute de Maillot Jaune

RTL Lëtzebuerg
De Bob Jungels koum mat engem klenge Retard op d'Arrivée, den Alex Kirsch huet 90 Sekonnen op den Éischte verluer.
Paris-Nice
De Bob Jungels koum mat engem klenge Retard op d’Arrivée, den Alex Kirsch huet 90 Sekonnen op den Éischte verluer.

De Primoz Roglic ass als Leader an d’Etapp gaangen, war awer mam Tony Martin 30 Kilometer viru Schluss an eng Chute verwéckelt. De Roglic konnt weiderfueren, fir de Martin war d’Course awer eriwwer.

Um Schluss ka sech de Sam Benett duerchsetzen, dat virum Nacer Bouhanni an dem Pascal Ackermann. De Roglic koum trotzt senger Chute nach als 43. iwwert d’Arrivée, mat engem Retard vu 5 Sekonnen. An der selwechter Zäit gëtt de Bob Jungels als 72. gewäert. 90 Sekonne Retard sinn et fir den Alex Kirsch, deen den 139. gëtt.

De Roglic bleift weider un der Spëtzt am Generalklassement, 31 Sekonne virum Maximilian Schachmann a 37 virum Brandon McNulty. 2 Minutten an 39 Sekonne Retard huet de Bob Jungels, deen aktuell de 34. ass. 95. ass den Alex Kirsch, deen e Retard vun 18 Minutten a 4 Sekonnen huet.

D’Top 10 vun der Etapp

1 BENNETT Sam Deceuninck - Quick Step 5:16:01
2 BOUHANNI Nacer Team Arkéa Samsic ,,
3 ACKERMANN Pascal BORA - hansgrohe ,,
4 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious ,,
5 NIZZOLO Giacomo Team Qhubeka ASSOS ,,
6 KRISTOFF Alexander UAE-Team Emirates ,,
7 COQUARD Bryan B&B Hotels p/b KTM ,,
8 LAPORTE Christophe Cofidis, Solutions Crédits ,,
9 BARBIER Rudy Israel Start-Up Nation ,,
10 VAN POPPEL Danny Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,

De General

1 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 18:42:46
2 SCHACHMANN Maximilian BORA - hansgrohe +0:31
3 MCNULTY Brandon UAE-Team Emirates +0:37
4 IZAGIRRE Ion Astana - Premier Tech +0:40
5 VLASOV Aleksandr Astana - Premier Tech +0:41
6 JORGENSON Matteo Movistar Team +0:56
7 BENOOT Tiesj Team DSM +1:04
8 HAMILTON Lucas Team BikeExchange +1:08
9 SÁNCHEZ Luis León Astana - Premier Tech +1:11
10 LATOUR Pierre Team Total Direct Energie +1:12

6. Etapp déi lescht Etapp?

Dëse Freideg kéint och schonn de leschten Dag vun der Course sinn, well den Département Alpes-Maritimes d’Corona-Restriktiounen nees verschäerft huet, an de Weekend keng Vëlos-Course zouléisst. Domadder ass eng Arrivée zu Nice net méiglech.

Den Organisateur ASO, wëll um Freideg matdeelen, op, a wa Jo, wéi et weidergeet.

Back to Top
CIM LOGO