
Zu Paräis op de Champs-Elysées gouf et am Massesprint eng Victoire vum Caleb Ewan virum Dylan Groenewegen. D’Schlussvictoire am Tour de France geet un den 22 Joer ale Kolumbianer Egan Bernal. Hien ass dann och den éischte Kolumbianer, deen den Tour de France gewanne kann. Hien ass dann och de jéngsten Tour-de-France-Gewënner nom 2. Weltkrich, nëmmen 2 Stéck ware méi jonk, dorënner och de Lëtzebuerger François Faber.
Giele Maillot - Generalklassement
Den Egan Bernal vun der Ekipp Ineos ka sech also d’Schlussvictoire sécheren, dat mat enger Avance vun 1 Minutt an 11 Sekonnen op säin Teamkolleg Geraint Thomas an 1 Minutt an 31 Sekonne virum Steven Kruijswijk vu Jumbo-Visma.
Grénge Maillot - Sprintwäertung
Fir déi insgesamt 7. Kéier gewënnt de Peter Sagan vun der Ekipp Bora-hansgrohe de Grénge Maillot beim Tour de France. Méi dacks konnt keen eenzege Coureur an der Geschicht vum Tour de France dës Wäertung gewannen.
Maillot à poids - Biergwäertung
De Romain Bardet vun der Ekipp AG2R La Mondiale konnt sech fir déi éischte Kéier iwwer d’Schlussvictoire an der Biergwäertung freeën. De Fransous kënnt hei schlussendlech op 86 Punkten, dat virum Egan Bernal vun Ineos an dem Tim Wellens vu Lotto-Soudal mat 78, respektiv 75 Punkten.
Wäisse Maillot - Jugendwäertung
Och de Wäisse Maillot vum beschte jonke Coureur geet un den Egan Bernal an dat méi wéi kloer. Den 22 Joer jonke Kolumbianer vun Ineos hat hei um Enn eng Avance vun 23 Minutten an 29 Sekonnen op den David Gaudu vu Groupama-FDJ a 57 Minutten a 35 Sekonnen op den Enric Mas vun Deceuninck Quick-Step.
Giel Réckennummer - Ekippewäertung
D’Ekippewäertung geet souverän un d’Formatioun Movistar, dat mat 47 Minutten a 54 Sekonnen Avance op Trek-Segafredo a mat 57 Minutten an 52 Sekonnen op d’Ekipp Ineos.
Rout Réckennummer - Kämpfereschste Fuerer
De Julian Alaphilippe vun der Ekipp Deceuninck Quick-Step gouf zum kämpfereschste Fuerer vum ganzen Tour de France gewielt.
Wéi erwaart, hunn d’Coureuren et e Sonndeg op der leschter Etapp vum Tour de France am Ufank ganz roueg ugoe gelooss, et gouf Schampes gedronk, et gouf gepotert a sech ameséiert. Um Wee Richtung Champs-Elysées stoungen dann nach zwou Biergwäertungen um Programm, wou et jeeweils nach 1 Punkt gouf. Den Tim Wellens an de Yoann Offredo hu jeeweils eng gewonnen.
Ewéi et dunn op d’Champs-Elysées gaangen ass, ass am Peloton och den Tempo massiv an d’Luucht gaangen a ronn 50 Kilometer virun der Arrivée sinn dunn och déi éischt Attacke lancéiert ginn. An do waren de Jan Tratnik, den Omar Fraile, den Nils Politt an den Tom Scully, déi sech als éischt Coureuren ofsetze konnten. 12 Kilometer virun der Arrivée war déi Aventure dunn awer eriwwer.
Um Enn koum et wéi sou dacks zu Paräis zum Massesprint, wou sech de Caleb Ewan virum Dylan Groenewegen duerchsetze konnt.

