
Op der leschter Etapp vu Villefranche-sur-Mer op Blausacs gouf et no 112,6 km eng Victoire vum Kolumbianer Nairo Quintana vun der Ekipp Arkéa Samsic. Hien huet sech mat enger Avance vun 1 Minutt 22 Sekonne virum Guillaume Martin duerchgesat. Den Tim Wellens, virun der drëtter Etapp nach Leader am Generalklassement, koum an der selwechter Zäit an d’Zil wéi den Drëttplacéierten Thibaut Pinot (+ 1 Minutt 30 Sekonnen) an huet domat seng Leaderpositioun nach agebéisst. Aus Lëtzebuerger Siicht sinn de Kevin Geniets als 11. (+2 Minutten 25 Sekonnen) an den Alex Kirsch als 38. (+ 5 Minutten 58 Sekonnen) iwwer d’Arrivée gefuer.
De Quintana, Coequipier vum Lëtzebuerger Michel Ries, konnt sech mat dëser grousser Avance nach déi éischt Plaz am Generalklassement sécheren. Bei der 54. Editioun vum Tour des Alpes Maritimes et du Var konnt sech de Kevin Geniets op enger exzellenter 10. Plaz (+3 Minutten 58 Sekonnen) am Schlussklassement placéieren. Den Alex Kirsch lant op der 40. Plaz (+17 Minutten 39 Sekonnen).
1 QUINTANA Nairo Team Arkéa Samsic 2:55:17
2 MARTIN Guillaume Cofidis +1:22
3 PINOT Thibaut Groupama - FDJ +1:30
4 VUILLERMOZ Alexis TotalEnergies ''
5 WELLENS Tim Lotto Soudal ,,
6 STORER Michael Groupama - FDJ +1:37
7 VENDRAME Andrea AG2R Citroën Team +2:25
8 PARET-PEINTRE Aurélien AG2R Citroën Team ,,
9 MERTZ Rémy Bingoal Pauwels Sauces WB ,,
10 COMBAUD Romain Team DSM ,,
11 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
1 QUINTANA Nairo Team Arkéa Samsic 10:56:01
2 WELLENS Tim Lotto Soudal +1:30
3 MARTIN Guillaume Cofidis +1:49
4 MADOUAS Valentin Groupama - FDJ +2:50
5 MOLLEMA Bauke Trek - Segafredo +2:52
6 GHEBREIGZABHIER Amanuel Trek - Segafredo +2:55
7 VUILLERMOZ Alexis TotalEnergies +2:57
8 KRON Andreas Lotto Soudal +3:52
9 SHAW James EF Education-EasyPost +3:56
10 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +3:58
...
40 KIRSCH Alex Trek-Segafredo +17:39