Bei der 16. Editioun vum Nordstad-Cyclocross an den Däichwise goufen et bei den Häre wéi bei den Damme Victoirë fir zwee Lëtzebuerger.
Bei der Elite war de Scott Thiltges dee Séiersten a konnt sech virun deenen zwee Belsch Elio Clarysse a Senne d’Hollander duerchsetzen. Als zweete Lëtzebuerger ass de Raphael Kockelmann op der aachter Plaz iwwer d’Arrivée gefuer.
Bei den Damme wënnt d’Isabelle Klein virun der Belsch Meg de Bruyne. D’Maïté Barthels koum als beschten Espoire op déi drëtte Plaz.
Bei den Debutante gouf et nees e Succès vum Rick Meylander virum Theo da Costa Passetti vum LP07 Schëffleng an dem Finlay Donjon vum UC Dippech. Bei de Juniore wënnt de Belsch Milan de Nys. Beschte Lëtzebuerger gouf de Juan Van Lelyveld.
Bei de Masters stoung de Christian Weyland ganz uewen um Podium. Hie konnt sech am Sprint géint den Olivier Paderhuber behaapten. De Pascal Triebel kënnt op déi drëtte Plaz. Mat dëser Victoire baut de Christian Weyland seng Féierung am Klassement vum Skoda Cross Cup aus.
Op deem nämmlechte Circuit wéi e Sonndeg ginn de Weekend vum 8. Januar och déi national Meeschterschafte gefuer.