CyclocrossScott Thiltges behaapt sech am Préizerdaul

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg stoung eng weider Manche vum Skoda Cross Cup um Programm.
Scott Thiltges behaapt sech am Préizerdaul
E Sonndeg stoung am Cyclocross eng weider Manche vum Skoda Cross Cup um Programm.

Zanter dem leschte Weekend fiert de Scott Thiltges am Leadertrikot vum Skoda Cross Cup. Och e Sonndeg am Préizerdaul huet de fréiere Lëtzebuerger Champion rëm zu den Favoritten op d’Victoire gezielt. Bei naassem Wieder an op engem schwéiere Circuit mat vill Bulli huet de Scott Thiltges éier d’Féierung iwwerholl a seng Avance op d’Konkurrenten ëmmer weider ausgebaut.

Mat enger Avance vun iwwer enger Minutt huet sech de Scott Thiltges um Enn souverän virum Mats Wenzel an dem Loïc Bettendorff behaapt.

Bei den Dammen huet d‘Isabelle Klein virum Nina Berton an dem Liv Wenzel gewonnen.

No der 7. Manche am Skoda Cross Cup leien de Scott Thiltges an d‘Isabelle Klein bei der Elite un der Spëtzt.

Den nächste Weekend geet et fir d’Cyclocross-Spezialisten dann eng éischte Kéier zu Ettelbréck op den neie Parcours vum nationale Championnat.

Back to Top
CIM LOGO