Alpes Isères TourSjoerd Bax gewënnt d'Schlussetapp, Luc Wirtgen gëtt gudde 15.

RTL Lëtzebuerg
No 141 Kilometer huet de Luc Wirtgen sech mat 2 Minutte Réckstand ob der 15. Plaz zeréck fonnt, iwwerdeems den Tom Wirtgen sech als 33. klasséiert.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

Vu Pressins op Crolles huet de Coureur vu Metec-Solarwatt virum Jakub Otruba (Elkov-Kasper) an dem Stefan Bennett (Team Pro Immo Nicolas Roux) gewonnen.

No enger gudder 14. Plaz op der 2. Etapp fiert de Luc Wirtgen och op der leschter Etapp ënnert d’Top 15. Mat engem Réckstand vun 2. Minutten a 10 Sekonne gëtt hie genee de 15. De Tom Wirtgen fiert iwwerdeems mat engem Réckstand vun iwwer 7 Minutten op déi 33. Plaz. Op der 3. Etapp ass et fir den Tom Wirtgen besser gelaf, do huet hie sech als 7. klasséiert. Béid Lëtzebuerger hunn domat am Verlaf vun der Etappecourse sech gewisen a konnte gutt Resultater erausfueren.

Am General ass et no 5 Etappen d’Plaz 28 fir den Tom, an d’Plaz 29 fir de Luc Wirtgen.

D’Top10

1. BAX Sjoerd METEC-SOLARWATT P/B MANTEL 03:58:40
2. OTRUBA Jakub ELKOV - KASPER MT
3. BENNETT Stefan TEAM PRO IMMO NICOLAS ROUX MT
4. HUYS Laurens BINGOAL PAUWELS SAUCES WB MT
5. AGUIRRE EGAÑA Jon EQUIPO KERN PHARMA MT
6. TOUPALÍK Adam ELKOV - KASPER 01:39
7. BALFOUR Stuart SWISS RACING ACADEMY MT
8. MERTZ Remy BINGOAL PAUWELS SAUCES WB MT
9. MARQUEZ ROMAN Marti EQUIPO KERN PHARMA MT
10. JOHANNESSEN Anders Halland UNO-X DARE DEVELOPMENT MT
...
15. WIRTGEN Luc BINGOAL PAUWELS SAUCES WB 02:10
33. WIRTGEN Tom BINGOAL PAUWELS SAUCES WB 07:30

De General

1. BAX Sjoerd METEC-SOLARWATT P/B MANTEL 18:48:55
2. CHARMIG Anthon UNO-X DARE DEVELOPMENT 01:58
3. OTRUBA Jakub ELKOV - KASPER 02:02
4. AGUIRRE EGAÑA Jon EQUIPO KERN PHARMA 02:11
5. HUYS Laurens BINGOAL PAUWELS SAUCES WB MT
6. VERMEULEN Moran TEAM FELBERMAYR SIMPLON WELS 02:14
7. BROZYNA Piotr MAZOWSZE SERCE POLSKI 02:30
8. TOUPALÍK Adam ELKOV - KASPER 03:44
9. *BALMER Alexandre GROUPAMA - FDJ 03:45
10. *JOHANNESSEN Anders Halland UNO-X DARE DEVELOPMENT 03:50
....
28. WIRTGEN Tom BINGOAL PAUWELS SAUCES WB 10:06
29. WIRTGEN Luc BINGOAL PAUWELS SAUCES WB 11:21

Back to Top
CIM LOGO