
E Méindeg koum et no der éischter Etapp am Tour duerch Katalounien zu engem medezineschen Noutfall. De Sonny Colbrelli, dee virdrun als Zweeten nach knapp d’Victoire verpasst hat, ass am Zilberäich zesummegebrach. Den aktuellen Europameeschter ass der spuenescher Chaîne RTVE no reaniméiert ginn. Wéi spuenesch Medie weider mellen, wier den 33 Joer ale Vëlosprofi nees bei Bewosstsinn gewiescht, ier en an d’Klinick transportéiert gouf.
D’Ekipp vum Italiener, Bahrain Victorious, huet iwwert déi sozial Medien matgedeelt, datt hien an engem stabillen Zoustand wier.
De Colbrelli hat de 7. Mäerz bei Paris-Nice wéinst enger Bronchite opginn a war de leschte Weekend och net un den Depart vu Mailand-Sanremo gaangen.