
Nodeems de Sonny Colbrelli beim Tour duerch Katalounien zesummegebrach war, huet seng Ekipp Bahrain Victorious haut matgedeelt, datt den Italieener wéinst Häerzrhythmusstéierungen net méi wäert op de Vëlo klammen.
Am Oktober 2021 hat de Colbrelli nach eng Victoire beim Klassiker Paris-Roubaix gefeiert. No sengem Récktrëtt aus dem aktive Vëlossport wäert hie bei senger Ekipp awer an enger anerer Funktioun weiderschaffen.