
Gewonne gouf dës dräi Dagescourse, wou d’Zäite vun den dräi Etappen zesummegeholl ginn, vum Duo Andrea Righettini an Stefano Dal Grando vun der Ekipp Olympia factory Team, dat an enger Zäit vun 7 Stonnen, 45 Minutten a 25 Sekonnen. Knapp dräi Minutte méi laang hunn de Jesus Del Nero Montés an den Juan Carlos Fernandez Mora vun CD VAS Cycling Friendly gebraucht. Mat 7 Stonnen, 49 Minutten a 45 Sekonnen hunn et den Duo Nissen/Loosser dann op de Podium gepackt. Am ganze waren 188 Duoen um Depart.