Cape Epic am MountainbikeSören Nissen zesumme mam Konny Looser um Depart

RTL Lëtzebuerg
Wat den Tour de France bei de Stroossecourssen ass, dat ass d'Cape Epic am Mountainbike.

Sören Nissen beim Cape Epic / Reportage Rich Simon

E Sonndeg fänkt d’Cape Epic un. Dat ass déi schwéierste Mountain Bike Etappecourse, déi et gëtt. 2004 ass se fir déi éischte Kéier organiséiert ginn. Deemools ware mam Guy a Marc Weber och zwee Lëtzebuerger mat dobäi. Mam Sören Nissen a mam Régis Maniora sinn dëst Joer nees zwee Lëtzebuerger a Südafrika um Depart. D’Cape Epic gëtt an engem Zweeër Team gefuer. De Sören Nissen geet zesumme mam Schwäizer Konny Looser d’Aventure un. D’Cape Epic gëtt an engem Zweeër-Team gefuer. D’Reegel ass esou, datt een ni däerf méi wéi 1 Minutt ausernee sinn. Dat ass d’Haaptreegel hei bei där Course. Et musse vill Saachen zesumme stëmmen.

Schonns virun zwee Joer sollt de Sören Nissen d’Cape Epic fueren. Wéinst Corona gouf d’Course awer ofgesot. D’Zil, wat de Sören Nissen an de Konny Looser sech gesat hunn, ass nawell een héischt.

Eng Top 10 wier mega gutt fir eis. Wann ee kuckt, wéi vill gutt Coureuren hei sinn, Olympiagewënner a sou weider. Dat gëtt net einfach. Wann alles super leeft, Top 5 an dann ass een och net wäit vum Podium ewech.

De Sören Nissen

Mir hu gutt Chancen, fir do kënnen eppes ze maachen. De Konny Looser ass alles gutt gaangen, dee war schonns an Namibia. Hien huet de ganze Wanter do gewunnt, fir sech un d’Temperaturen hei ze gewinnen. Et sinn extrem héich Temperaturen hei um Enn vum Summer hei a Südafrika. Bis zu 40 Grad. Alles ass gutt gelaf an ech mengen, mir si prett, wann et lassgeet.

D’Cape Epic geet iwwer ronn 800 Kilometer. Ee Roudag ass net geplangt.

An der Moyenne hu mir all Dag ëm 2.500 Héichtemeter. Et ass keen einfachen Dag dobäi. Déi zweet Etapp wäert mat 120 Kilometer awer eng Erausfuerderung ginn, mat Temperaturen ëm déi 40 Grad. 120 Kilometer just Terrain an Trail, do wäerte mir 6 bis 7 Stonnen ënnerwee sinn.

Am Ganze gi bei der Cape Epic 8 Etappe gefuer.

Back to Top
CIM LOGO