Op der 3. Etapp vu Paris-Nice stoung en Dënschdeg een Zäitfueren iwwer 14,4 Kilometer zu Gien um Programm.
Hei konnt sech de Stefan Bisseger duerchsetzen, dat mat enger Zäit vun 17 Minutten a 34 Sekonnen. Zäitgläich gëtt och den Zweete vun der Etapp, de Rémi Cavagnan gewäert. Sechs Sekonne Retard si fir de Primoz Roglic.
Mat engem Réckstand vun 38 Sekonnen ass de Bob Jungels als 35. iwwert d’Zillinn gefuer. 10 Sekonne méi laang huet den Alex Kirsch gebraucht, deen den 48. gëtt.
Am Generalklassement gesäit et dann un der Spëtzt d’Selwecht aus. De Bissegger ass de Leader, zäitgläich mam Cavagna an de Rogilic huet e Retard vu 6 Sekonnen. De Bob Jungels huet e Retard vun 38 Sekonnen a gëtt als den 33. gewäert an den Alex Kirsch ass den 144. mat engem Réckstand vun 3 Minutten a 5 Sekonnen.

