Tirreno-Adriatico: 7. EtappTadej Pogacar gewënnt 57. Editioun vum Tirreno-Adriatico

RTL Lëtzebuerg
Déi lescht Etapp gouf vum Däitsche Phil Bauhaus gewonnen. De Leader Pogacar koum als 33. an d'Zil an de Bob Jungels klasséiert sech als 58.
© AFP

Op der leschter Etapp mat Depart an Arrivée zu San Benedetto del Tronto huet de Phil Bauhaus sech am Sprint virum Giacomo Nizzolo aus Italien an dem Australier Kaden Groves duerchgesat. De Bob Jungels fiert als 58. iwwer d’Arrivée a gëtt am Schlussklassement den 23.

Den Tadej Pogacar huet sech no 159 km als 33. klasséiert an domat seng Avance op den Zweeten am General, Jonas Vingegaard, souverän halen. Insgesamt huet de Pogacar dräi Etappen bei dësem Tour gewonnen a konnt domat seng Victoire aus dem leschte Joer confirméieren.

D’Klassement vun der Etapp

1 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious 3:39:58
2 NIZZOLO Giacomo Israel - Premier Tech ,,
3 GROVES Kaden Team BikeExchange - Jayco ,,
4 CIMOLAI Davide Cofidis ''
5 DAINESE Alberto Team DSM ,,
6 KRISTOFF Alexander Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
7 BOASSON HAGEN Edvald TotalEnergies ,,
8 KOOIJ Olav Jumbo-Visma ,,
9 DÉMARE Arnaud Groupama - FDJ ,,
10 MOSCHETTI Matteo Trek - Segafredo ,,
...
58 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team ,,

De General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 27:25:53
2 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 1:52
3 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 2:33
4 PORTE Richie INEOS Grenadiers 2:44
5 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 3:05
6 ARENSMAN Thymen Team DSM 3:16
7 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 3:20
8 PINOT Thibaut Groupama - FDJ 3:37
9 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 3:51
10 CICCONE Giulio Trek - Segafredo 4:03
...
23 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 10:15

Back to Top
CIM LOGO